Fixerstuff wéinst Recours op Äis

De Projet vun enger permanenter Fixerstuff fir Toxicomanen an der Rue d’Alsace zu Hollerech ass wéinst engem neie Recours nach ëmmer op Äis. Wéi mer gewuer gi sinn, hätt d’Firma Paul Würth am Oktober ee Recours virum Verwaltungsgeriicht abruecht, géint d’Ëmklasséieren vum Terrain vis-a-vis vum Sëtz vu Paul Würth. Virun engem Joer hat d’Gemeng Lëtzebuerg den Terrain Rue d’alsace an en Terrain fir Infrastrukturen vu generellem Interessi ëmklasséiert. Den Inneministère hat Mëtt läscht Joer gréng Luucht ginn.

Wéini d’Verwaltungsgeriicht en Uerteel fält ass net gewosst.

Trotz dem neie Recours géint d’Fixerstuff an der Rue d’alsace sinn d’Gemeng an d’Acteuren um Terrain net beonrouegt: Et géing nämlech aktuell net déi Urgence ginn wéi viru 5 Joer. Déi nei Containeren op der anerer Säit vun de Schinnen, zu Bouneweg, kéinte nach op d’mannst 2 Joer laang fonctionnéieren.

De Bäitrag vum François Aulner:

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen