Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gefaangen a Griicheland

Flüchtlingskris

Gefaangen a Griicheland

Den Ament sinn iwwer 46.000 Flüchtlingen um Festland a Griicheland gefaangen. Dat geet aus engem engem Rapport vun Amnesty International ervir. Dobäi kommen iwwer 4.000 Mënschen, déi op den Insele Chios a Lesvos an zouene Retentiounszentren op eng méiglech Réckféierung an d'Tierkei waarden. Amnesty International an Human Rights Watch denoncéieren d'Liewenskonditiounen als inakzeptabel.

auto_stories

7 min

D'Flüchtlingslager Piräus ©Carole Reckinger

Um Hafe vun Athen, zu Piräus, waren zäitweis bis zu 10.000 Flüchtlingen a klenge Campingszelter direkt um Betonsbuedem ënnerbruecht. Et hu sou gutt wéi keng Duschen. D'Kanner spillen de ganzen Dag um Parking an der Sonn.

Den Hamad, e Medezinsstudent aus Syrien, ass a Griicheland ukomm, ier den Accord tëscht der EU an der Tierkei a Kraaft getrueden ass. Esou konnt hien nach op der griichescher Insel Lesvos Fouss faassen. Awer hien huet et net gepackt, virum 7. Mäerz an d’Zoumaache vun der mazedonescher Grenz eraus aus Griicheland ze kommen. Hien ass ee vun de 46.000 Mënschen, déi a Griicheland gefaange sinn a guer net méi Richtung Norde weiderkommen. Zënter iwwert engem Mount gouf hien a verschidde Lageren ënnerbruecht.

D’Griiche wären immens léif a géifen hëllefen, erzielt hien. Verschiddener géife mam Auto stoe bleiwen an hinnen Iesse ginn. D'Camps wären awer wéi Prisongen: "Et däerf een zwar eran a raus goen, mee et fillt sech u wéi e Prisong. Mir fillen eis net méi wéi Mënschen, mee éischter wéi Deieren."

Bis Enn der Woch soll den inoffizielle Camp vu Piräus geraumt ginn. U sech ass dat fir vill Benevolen a Flüchtlinge keng schlecht Noriicht. D’Liewenskonditioune sinn einfach ze schlecht um Hafen. Awer d'Logementer, déi vum Staat ugebuede ginn, sinn nach laang net zefriddestellend. Dat geet aus engem Rapport vun Amnesty International ervir.

Prozedure musse méi séier ginn

Griicheland misst esou séier wei méiglech Siten opmaachen, déi di international Standarde respektéieren, seet d'Kondilya Gogou, Griichenland a Migratiouns Expertin bei Amnesty International. "Zu deene schlechten hygienesche Konditioune kënnt nach dobäi, datt verschidde Saache feelen. Zum Beispill e systemateschen Accès zu Informatiounen an eng systematesch Identifikatioun vu vulnerabele Mënschen." A verschiddenen, inoffizielle Lagere géifen d'Mënschen am Bulli schlofen.

De Grond fir déi miserabel Konditioune läit och dodrunner, datt déi griichesch Autoritéiten duerch déi vill Flüchtlinge komplett iwwerfuerdert sinn. Niewent der Sich no Logementer mussen och d’Asylprozedure méi séier ginn. All Demande muss eenzel gepréift ginn, a fir déi verschidden Nationalitéite gëllen ënnerschiddlech Prozeduren, esou d'Trina Jenson, Coordinatrice um Terrain beim UNHCR.

Ënnerscheeder zwëschent Syrer an Afghaner

Et géif e Relocatiounsprogramm fir Syrer, Iraker an e puer aner Nationalitéite ginn. Dës Leit kéinten eng Asyldemande vu Griicheland aus an engem aneren europäesche Land areechen. "Fir d’Afghanen an d’Iraker gëllt dëse Programm net. Si kennen nëmmen a Griichenland selwer den Asyl ufroen," erkläert d'Trina Jenson.

Dës Prozedure gi vu villen Afghanen als ongerecht ëmpfonnt. Et entstinn Tensiounen tëscht Afghanen a Syrer, an kënnt net seelen zu Sträit an de Lageren. Fir d’Afghane wär et wichteg, datt d'Europäesch Unioun de Krich an hirem Land genee esou wouer géif huelen, wéi deen a Syrien, seet den Hamad, aus Afghanistan. "Mir sinn aus engem Land geflücht, an deem zënter 14 Joer Krich ass. Dëse Krich hu mir net selwer ugefaangen, mee d’Amerikaner an d’NATO sinn an eist Land komm, fir en ze feieren. Dat Eenzegt wat mir vun der EU verlaangen, ass, datt si eis duerch d’Grenze loossen. Mir wëlle studéiere goen, fir eist Land herno erëm opzebauen an ze verbesseren."

Waarden iwwer Skype

Souwuel Afghanen, wéi och Syrer mussen den Ament extrem laang waarden, bis hiren Dossier gepréift gëtt. Déi griichesch Asylprozedure si bis ewell iwwert Skype gelaf, well sou alle Demandeurs d’Asyl déi selwecht Zougangschancen haten. Mee mat iwwert 50.000 Ufroen ass de System iwwerfuerdert. Et feelt Griicheland u Beamten an un technesche Moyenen, fir sou vill Dossiere kennen ze traitéieren.

Den Hamad huet probéiert fir sech beim Relocatiounsprogramm anzeschreiwen: "Ech ruffen all Dag un an waarden zwou bis dräi Stonnen op Skype, mee et geet keen drop. Et kritt een ëmmer just gesot, datt ee waarde misst." Hie géif sech wënschen, datt eng Decisioun géif geholl ginn, déi Kloerheet iwwer d'Schicksal vun de Flüchtlinge bréngt.

Am Prisong agespaart

46.000 Mënschen sinn an enger ähnlecher Situatioun wéi den Hamad. Dobäi kommen déi Leit, déi nom 20. Mäerz an dem Accord tëscht der EU an der Tierkei ukomm sinn, an elo op de griicheschen Insele festsëtzen. Si däerfe guer net méi op d'Festland. Am Prisong musse si waarden, bis hiren Dossier gepréift ass an decidéiert gëtt, op si zréck an d'Tierkei gescheckt ginn.

Och an de Prisongen ass déi humanitär Situatioun immens prekär an et gi rechtlech Problemer. Human Rights Watch beklot, datt d'Mënschen net iwwer hir Rechter opgekläert géifen an dacks net wéissten, firwat si iwwerhaapt agespaart sinn. Dat verstéisst géint dat internationaalt Recht.

Réckféierung amplaz Ëmverdeelung

Iwwerdeems d'Europäesch Unioun bereet ass, vill Suen auszeginn, fir datt d'Flüchtlingen an der Tierkei bleiwen oder zréckgeschéckt ginn, géif de versprachenen EU-Relocatiounsprogramm vernoléissegt, seet d’Kondilya Gogou vun Amnesty International. Et misst eng bestëmmten Unzuel u Persoune vu Griicheland an aner europäesch Länner transferéiert ginn. Et géifen net genuch Plaze vun de Memberstaaten ugebueden, an déi administrativ Prozedurë wären ze lues: "Bis Enn dëser Woch sinn nëmme 615 Persounen duerch de Relocatiounsprogramm vun aneren EU-Länner opgeholl ginn. Dat bedeit, datt déi humanitär Kris a Griicheland iwwert déi nächst Méint nach méi schlëmm wäert ginn."

D’EU Memberstaaten hu versprach, 66.400 Flüchtlingen opzehuelen. Wei séier dat geschitt, an ob et iwwerhaapt geschitt, bleift ongewëss.