Radioen

On air

De Moien  |  Taina Bofferding

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flüchtlingsstrukturen: vu 4.472 Better si 96 Prozent beluecht

Immigratioun

Flüchtlingsstrukturen: vu 4.472 Better si 96 Prozent beluecht

Bis Enn des Joer sollen eng 602 Better fir Demandeurs de protection internationale dobäikommen, seet de Jean Asselborn. Weider Better fir Flüchtlingen aus der Ukrain, déi den temporäre Statut hätten, wiere geplangt.

auto_stories

2 min

Den Ausseminister Jean Asselborn déi lescht Woch um Ausseminsiterrot zu Prag. Foto: MAEE

An de 55 Strukture fir Demandeurs de protection internationale hätt een aktuell 4.472 Better, dovu wiere 96 Prozent beluecht.

Bei de Flüchtlingen aus der Ukrain wier den Ament méi Sputt: si sinn a 15 Strukturen ënnerbruecht. Vun den 1.928 Better, déi zur Verfügung stéingen, wieren 61 Prozent beluecht, esou de Minister fir Immigratioun an Asyl.

Et misst een awer déi Leit, déi nach an Zelter ënnerbruecht wieren, virum Wanter ënner Daach bréngen. Deemnächst géife Kontrakter mat Hotellen, an deene Flüchtlingen ënnerbruecht sinn, oflafen.

Privatleit: Zesummeliewen ass net ëmmer einfach

Zudeem géife vill Leit, déi privat ënnerkomm wieren, sech un den ONA wende fir an enger staatlecher Struktur ënner ze kommen:

An deene meeschte Fäll wier d'Zesummeliewen tëschent de Lëtzebuerger Familljen an de Familljen aus der Ukrain méi schwéier ginn. Et wiere keng finanziell Grënn do, mee et wier "eng gewëss Incompatibilitéit", wat zu Reiwereie géif féieren.

An der lescht hätt et 110 esou Fäll ginn an de Jean Asselborn geet dovunner aus, datt déi Zuel nach an d'Luucht wäert goen. Dofir wieren Assistante-sociallen op der Plaz. "Déi wëssen, wat se do ze maachen hunn", seet de Jean Asselborn.

Aussergewéinlech vill Demanden

Den Ausseminister stellt och fest, datt méi Demandë gemaach ginn. Am August hätt een iwwer 200 Demande gehat, wat aussergewéinlech fir dee Mount wier.

"Gëschter hu 50 Leit an engem Dag de Statut bei eis gefrot. Mir wëssen nach net, wou d'Leit hierkommen. Mir kennen d'Nationalitéiten: dat si virun allem Syrer a Leit aus Eritrea."