Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Joe Goddard & Barrie - Moments Die

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fokus op de Frank Engel

Politesche Wocheréckbléck

Fokus op de Frank Engel

An eisem politesche Wocheréckbléck kucke mir haut op d'Erneierung an der CSV. Déi gréisst Partei ass fir d'zweete Kéier hannerteneen an der Oppositioun. De Weekend huet si sech mam Frank Engel als Parteipresident eng nei Spëtzt ginn. Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck gëtt Erklärungen.

auto_stories

4 min

Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck

De Frank Engel huet sech um um CSV-Kongress mat 54 Prozent vun de Stëmme géint de Serge Wilmes duerchgesat. Dat ass eng Iwwerraschung mat där déi mannste Leit, och an der CSV selwer, gerechent haten. E puer Woche virdru ware vill CSV-Memberen der Meenung, datt dat e klore Match géif ginn, well de Serge Wilmes méi op Konsens aus ass. Hie vertrëtt méi déi brav staatsmännesch CSV-Approche, obschonn hien nach jonk ass a schonn zweemol fir de Poste vum CSV-Generalsekretär kandidéiert huet.

De Frank Engel war sengersäits zéng Joer laang Member am Europaparlament, also net an der nationaler Politik. Säi Stil ass méi aggressiv an hien trëppelt och emol Leit, och parteiintern.

Virun e puer Woche sote verschidden CSV-Memberen nach et géif wahrscheinlech éischter 80 zu 20 fir de Serge Wilmes ausgoen. Verschiddener si souguer dovun ausgaangen, datt de Frank Engel sech just hätt wëllen an d'Gespréich bréngen, fir sécher Spëtzekandidat op der CSV-Europalëscht ze ginn.

Gudde Rhetoriker a clevere Strateg

Schlussendlech huet de Frank Engel sech dunn awer knapp géint de Serge Wilmes duerchgesat. E groussen Deel vun der Erklärung dofir ass dem Frank Engel seng Ried, déi hien um Kongress gehalen huet. Hie sot dat och selwer de leschte Weekend hei op der Antenn: Moies virum CSV-Kongress wieren nach vill Leit net decidéiert gewiescht an dat konnt hie fir sech notzen. Seng Ried huet gewisen, datt hien d'CSV-Basis liese kann an datt hien déi strategesch Cleverness huet, fir zum richtege Moment dat ze soen, wat d'Leit gär géifen héieren. Seng Ried hat direkt e kämpfereschen Ufank, hien huet de Sall motivéiert andeems hie sot: "Wann ech mer Iech ukucken, kann ech mir net virstellen, datt mir an der Oppositioun sinn". Hien huet Personnagë wéi de Claude Wiseler, de Marc Spautz an den Laurent Zeimet gelueft, déi parteiintern ganz beléift sinn. Hie rassembléiert domat och d'Wahlbezierker hanner sech a seet datt et vill Aarbecht gëtt, fir d'Partei nees an d'Regierung ze féieren an datt hien dofir quasi Vollzäit-CSV-President wëll sinn.

Zum Schluss vu senger Ried setzt hien dann nach e familljepoliteschen Akzent andeems hien dofir plädéiert, datt de Staat sollt d'Cotisatioune vun deenen Elteren iwwerhuelen, déi doheem bleiwe fir d'Kanner ze versuergen. Domat geet hien op een - fir d'CSV - wichtege Sujet an a kritt dofir groussen Applaus.

Eng nei Ära fir d'CSV

D'CSV-Delegéiert hu sech mat 54 Prozent vun de Stëmmen fir en neie Stil ausgeschwat. No fënnef Joer passiver Oppositiounsaarbecht ass domat d'Ära Claude Wiseler ofgeschloss. Mat him als Spëtzekandidat ass d'CSV net zeréck an d'Regierung komm. Säi Stil gëtt vu Villen als ze passiv an als net kritesch genuch beschriwwen. Hien hätt der CSV net genuch Profil ginn.

D'CSV-Delegéiert hu sech dofir och fir e Vollzäit-President ausgeschwat. De Serge Wilmes ass Schäffen an der Stad a Chamberdeputéierten. Hien huet ëmmer betount, datt hie gär géif delegéieren an domat war kloer, datt hie guer net déi néideg Zäit gehat hätt, fir sech voll op d'CSV-President ze konzentréieren.

Direkt an de Schlagzeilen

Et huet dunn awer net laang gedauert, du stoung de Frank Engel am Fokus vun der Aktualitéit wéinst engem Mandat am Verwaltungsrot vun enger Holding, enger privater Sécherheetsfirma déi mam amerikanesche Militär zesummeschafft.

An domat muss een an esou enger Positioun liewen. Well, wann een aus der zweeter an déi éischt Rei wiessel, da gëtt ee méi genee ënner d'Lupp geholl. Virun allem wann ee wëll den neie staarke Mann an der CSV ginn a sech domat souzesoen als méiglechen neie Premier positionéiert.

REPORTER.LU huet dës Woch déi Holding, an där de Frank Engel am Conseil sëtzt, méi genee ënner d'Lupp geholl. Eng Sécherheetsfirma, déi och am Afghanistan an Irak aktiv war a Kooperatioun mat der US-Arméi.

De Frank Engel souz zënter 2005 am Verwaltungsrot. Hie sot dës Woch och hei op der Antenn, datt wann hie gewosst hätt, wéi polemesch esou e Mandat an engem Verwaltungsrot kéint thematiséiert ginn, dann hätt hie scho virun enger Zäit demissionéiert. Hien huet am 100,7-Interview och schonn ugedeit, datt hie wëlles huet dat och elo wëllen ze maachen.

Positionéierung als staarken, determinéierte Leader

De Frank Engel weist domat, datt hien e kloert Zil virun Aen huet. Hie wëll den neie staarke Mann an der CSV ginn. Alles wat him do kéint zum Verhängnes ginn, gëtt sou séier wéi méiglech evakuéiert.

Viru puer Wochen hat nach keen de Frank Engel esou richteg um Radar. Spéitstens vun elo un sollt een dat awer maachen, well hie positionéiert sech grad an enger Partei an där et momentan net ganz vill Leit ginn, déi et fäerdeg brénge fir eng kloer Leaderroll ze spillen. Mee duerch säi méi aggressive Stil polariséiert hien och méi. Dat huet och Risiken.