Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Follow the money"

Investigative Journalismus

"Follow the money"

D'Miranda Patrucić bilt weltwäit Journalisten a Journalistinnen aus fir Korruptioun opzedecken an ouni Angscht investigativ ze schaffen. D'Valerija Berdi huet mat der bedeitender Journalistin geschwat, déi 2016 fir hir Enquête an de Panama Papers ausgezeechent gouf.

auto_stories

4 min

D'Miranda Patrucić huet hir Carrière 2005 als Iwwersetzerin am Center for investigative Reporting ugefaangen, mee ganz séier huet si hir Passioun fir de Journalismus entdeckt. Si ass Chercheuse, Faktencheckerin a Journalistin ginn.

"Ech hu bei Null ugefaangen, mee ech hu geléiert duerch Observéiere vun anere Journalisten an duerch d'Observéiere vun internationale Redakteren, déi am investigative Journalismus schaffen. Ech mengen, well ech esou oppe war fir nei Informatiounen an et direkt eraus hat, wéi ech un déi kommen, sinn ech och gutt an dëser Aarbecht."

Haut bilt si weltwäit aner Journalisten aus. All Story wier en Challenge a si géif och ëmmer eppes bäiléieren, seet d'Miranda Patrucić. "Ech hu fir d'éischt aus Bosnien eraus geschafft a vill iwwer de Montenegro recherchéiert. Wéi eng Kolleegin am Aserbaidschan an de Prisong komm ass, wollte mir hir Aarbecht weidermaachen. Esou sinn ech dohi komm an dat ass d'Ursaach, firwat ech elo iwwer den Aserbaidschan recherchéieren." Sou hätt si ugefaange sech mat Zentralasien ze befaassen, mam mëttleren Osten a mat villen anere Plazen op der Welt.

Och Politiker sinn dacks involvéiert

Am Montenegro huet d'Miranda Patrucić iwwer den aktuelle montenegrinesche President Milo Djukanović enquêtéiert a seng Verwécklung a Verontreiung vu Sue publizéiert. Dës Investigatioun huet dozou geféiert, datt de Montenegro eng Zäit laang net méi op der Lëscht stoung fir Member vun der EU ze ginn.

"Ech si jo och Trainerin, ech bilde Journalisten aus an deem wat mir 'Géi de Suen no (Follow the money)' nennen. Dat bedeit d'Struktur vun de Firmen enquêtéieren a Korruptioun opdecken.
Ech hale vill Konferenze weltwäit. Et ass immens wichteg, d'Geschichten ze verbreeden un deene s du schaffs. An d'Leit op de verschiddenen Deeler vun der Äerd iwwer Korruptioun ze informéieren. Well et ass alles connectéiert, Krimineller an Afrika kënnen hei an Europa operéieren, a kee Mënsch weess Bescheed."

A Bosnien-Herzegowina war et en Appartement fir de Premierminister, deen dësen un d'Fale bruecht huet an do koum den Aserbaidschan an d'Spill. D'Miranda Patrucić huet eng Haaptroll am Fall Khadija Ismayilova gespillt. Ismaiylova ass eng Journalistin, déi am Kader vun de Panama Papers géint den aserbaidschanesche President Alijew enquêtéiert. Si ass awer do zu enger Prisongsstrof veruerteelt ginn, an d'Miranda Patrucić ass mat anere Journalistinnen a Journalisten an den Aserbaidschan gereest fir hir Solidaritéit mat der Kolleegin zum Ausdrock ze bréngen an un hire Recherchë weiderzeschaffen.

An deem Zesummenhang ass d'Miranda Patrucić op d'Duechter vum usbekesche President gestouss an huet erausfonnt, datt déi eng Milliard Dollar vun zwee europäeschen Telekomskonzerner Schmiergelder kritt huet. Fir dës Revelatioun gouf d'Miranda Patrucić 2016 mam Journalismus Präis vum International Center for Journalists ausgezeechent.

"Dofir muss ee gebuer sinn"

"Fir investigative Journalismus muss ee gebuer sinn. Dat ass eppes, firwat s de 24 Stonnen den Dag liefs. An en investigative Journalist wéi ech, och wann s du mir eng Millioun bréngs -nee - ech huelen se net fir d'Geschicht net ze erzielen. Ech mengen, et ass eng immens schwéier Situatioun fir vill Journalisten. Ech kann dat net akzeptéieren. Journalisten, déi sech selwer verkafen a falsch Informatioune verbreeden, kann ech net Journalist nennen. Ech denken net, datt dat Journaliste sinn, ech denken, et gëtt just eng Méiglechkeet, an dat ass mat alle Fäegkeeten de Mënschen d'Wourecht ze soen. Natierlech si mir all Mënschen a kënne Feeler maachen, du kriss och dann emol net all Informatiounen, mee du kanns däi beschtméiglechst maachen."

Et wier wichteg d'Wourecht ze soen, mee et soll een d'Saachen och net méi schlëmm maachen, wéi se sinn, sou d'Miranda Patrucić. Et wier hir och wichteg, hire Kolleege bäizebréngen, datt si hire Respekt virun den Autoritéite mussen op der Säit loossen, soss kéinte si net déi richteg an déi kritesch Froe stellen. Wat och a verschiddene Situatioune mat diverse Gefore verbonnen ass.

"Et ass geféierlech! Mee wann s du esou een Job méchs, dann däerfs du net iwwer d'Geforen nodenken. Wann s du all Dag, wann s de erwächs, denks, 'Dat heiten ass elo mäi leschten Dag op der Äerd', da géif keen dëse Job maachen. Du muss schonn e bësse verréckt sinn, ech si mir schonn der Gefor an dem Risiko bewosst, mir stellen eis och d'Fro, ass et elo ze riskéiert, iwwer dëst Dokument ze froen, ass et fir de lokale Reporter ze geféierlech? Mir stellen eis all déi Froen, mee mat klorem Kapp an net aus der Angscht eraus. Wann s du dauernd Angscht hues, et kéint eppes passéieren, da kanns du dës Aarbecht net maachen."