D'Delegatioun an den OGBL geheien der Direktioun en "onmënschleche" Féierungsstil vir. An d'Personalvetriederin Daniela Willems huet am 100,7 Interview kloer gefuerdert, d'Direktioun misst ersat ginn.
"Die Forderung ist klar, und die haben wir am Donnerstag im Verwaltungsrat ganz klar noch mal formuliert, und ganz klar gesagt: Davon gehen wir keinen Zentimeter zurück."
De Verwaltungsrot hat sech, bei der Reunioun virleschten Donneschdeg, hanner d'Direktioun gestallt, an un där schon virdun annoncéierter Propose festgehalen: Et géif en Audit, vun engem externen Expert, gemaach ginn.
Och Probleemer an de Wunnstrukturen
Den OGBL an d'Personaldelegatioun géife bei deem Audit awer net kooperéieren, hu si op der Informatiounsversammlung den Donneschdeg nach emol betount. De Conseil wéilt hei just op Zäit spillen.
D'Fakte léichen awer scho méintelaang um Dësch, an engem 400-Säiten-laangen Dossier vun der Personalvetriedung, mat, virun allem, Beispiller vu Problemer an den Ateliere Kräizbierg, wou Leit mat enger Behënnerung schaffen. De Joël Delvaux, vum OGBL sengem Departement fir Travailleurs handicapés, sot, et géif awer net just an den Ateliere Problemer ginn:
"An deemenstpriechend wäert de Verwaltungsrot elo konfrontéiert ginn mat der Realitéit vum Terrain, datt et ebe net nëmmen an den Ateliere net gutt fonktionnéiert, mee eben och an de Wunnstrukture Problemer gëtt"
De Pitt Bach, zentrale Sekretär fir den OGBL Syndikat Gesondheet a sozial an edukativ Servicer, qualifizéiert den Audit, deen de Verwaltungsrot an d'Spill wëllt bréngen als "Zäitspill". Déi concernéiert Leit wéilten dat "Spillchen" an deen Audit net méi matmaachen. "D'Fakte leien um Dësch, an do si Beweiser an deenen Dossieren, déi eis Aussoe beleeën", sou de Pitt Bach.
Méi Detailer sollen an den nächsten Deeg publik gemaach ginn. De Pitt Bach sot eis:
"...datt d'Sécherheet vun de Leit um Spill steet hei, wou z.B. deier Maschinne bestallt ginn, déi dann e Schwenkarm hunn, deen op der Héicht ass vum Genéck vu Leit an engem Rollstull."
OGBL verstäerkt Drock
Den OGBL hätt eng kloer Strategie fir weider Drock ze maachen, op d'Direktioun an de Verwaltungsrot, mam fréieren DP Politiker Henri Grethen als President. Hie wéilt awer elo nach kéng Detailer ginn, wat déi nächst Schrëtt wäerte sinn, sou de Joël Delvaux:
"Als Gewerkschaft huet ee schonn eng ganz Rei Outilen, déi ee nach notze kann, fir nach Drock weider oprecht ze halen, a mir wäerten dee steigeren, ganz kloer."