Radioen

On air

De Weekend  |  Steely Dan - Peg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng Zukunft fir d'Vergaangenheet"

Archeologie

"Eng Zukunft fir d'Vergaangenheet"

Lëtzebuerg huet vill archeologesch Schätz. Nëmmen een Deel dovun ass och repertoriéiert. D'Equipe vum archeologeschen Zenter huet also vill Defien ze bewältegen. Mee ass och houfreg op eng Rei Succèsen.

auto_stories

5 min

De Foni Le Brun ass zanter 2011 Chargé de direction vum CNRA

De Foni Le Brun ass Chargé de direction vum archeologeschen Zenter vu Lëtzebuerg (Centre national de recherche archéologique). Hien ass grondsätzlech zefridde mat deem wat déi aktuell Regierung fir de Beräich vum Schutz vun den ënnerierdesche Schätz mécht, och wann hie gär drop insistéiert, datt hie sech "eng Zukunft fir d'Vergaangenheet" wënscht.

"De Staat mécht säi Bescht fir de kollektive Patrimoine ze garantéieren", sou de Foni le Brun. Positiv fënnt hien, ënner anerem, datt op ëffentlechem Niveau sou vill Synergië gesicht ginn, wann et ëm Ausgruewunge geet. "Mir schaffe ganz gutt mam Transportministère zesummen oder nach mat de Fierschteren".

Ee "räiche Buedem"

6.000 archeologesch Sittë sinn zu Lëtzebuerg repertoriéiert. Dat ass awer nëmmen ee klengen Deel – ee Fënneftel – vum geschaten integralen archeologesche Patrimoine, sou de Foni Le Brun. Dem Chargé de direction vum CNRA no huet Lëtzebuerg e ganz "räiche Buedem", deen all d’Etappë vun der mënschlecher Geschicht an der Regioun dokumentéiert.

Dës Realitéit géif och eng gewësse Verantwortung mat sech bréngen, fir déi Sitten. Et kéinten nämlech net op all Site Ausgruewungen duerchgefouert ginn, ënnersträicht de Foni Le Brun. Dofir wier et wichteg, nei Sitten ze lokaliséieren, si z'evaluéieren, fir dann ze entscheeden ob se erhal solle ginn oder net. “Wann de Site zu neie wëssenschaftlechen Erkenntnisser iwwert d’Geschicht vun eise Virfahre liwwert, dann intervenéiere mir”, seet de Chargé de direction vum CNRA.

Preventiv Archeologie

Och wann de CNRA als Recherchezentrum net an d'Uni agegliddert ass, sou wënscht de Foni Le Brun sech, datt eng enk Zesummenaarbecht ka weiderbestoen. "Mir sinn och all Chercheure mat Universitéitsdiplom". Zesumme mat der Uni huet de CNRA scho Colloquen organiséiert an Doktoranden encadréiert. Dës Leit géifen dem CNRA och vill hëllefen, d'Schätz aus dem Buedem duerch Analysen opzeschaffen.

Wat d'Archeologie um Stroossechantier ugeet, sou gëtt aktuell vun engem interdisziplinären Aarbechtsgrupp gepréift mat wéi engem Konzept Entrepreneure finanziell an d’Bestandsopnam vun archeologeschen Entdeckungen agebonne kënne ginn. De Foni Le Brun schwätzt an deem Kontext vu “preventiver Archeologie”.

Iwwerrechter virum Chantier lokaliséieren

Déi archeologesch Ausgruewunge géingen dobäi net privatiséiert ginn, mee – wéi am Ausland scho praktizéiert – géing et drëms goe fir archeologesch Iwwerreschter virum Optakt vun engem Chantier ze lokaliséieren, fir deen duerno fir d'Bauaarbechte kënne fräizeginn.
De finanziellen Impakt vun esou "diagnostesche Sondagen" wier ganz niddreg.

Géigeniwwer engem Metercarré-Präis zu Lëtzebuerg vu 5.000 bis 10.000 Euro, kaschten investigativ Aarbechten am Virfeld vu Bauprojeten een Euro de Metercarré. De Bauhär soll dofir opkommen. Dat wier am Interêt vun den Entrepreneuren, sou de Foni Le Brun, si hätten d’Sécherheet, datt hire Bauprojet duerno net méi gestoppt gëtt, wat heefeg vill méi deier géing ginn. Och d’Archeologie géing dobäi gewannen.

De CNRA, kuerz presentéiert

​Den Institut existéiert zanter 2011 an ass an de nationale Geschichts- a Konschtmusée agegliddert. De Budget fir Ausgruewungen 2015 am ganze Land läit bei 1,2 Milliounen Euro – nieft Personalkäschten an 200.000 Euro d’Joer fir dréngend Interventiounen. 14 Persoune sinn am CNRA ugestallt.

Wichteg archeologesch Sitten an Entdeckungen: