Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Formalismus ofnicken"

Piratekongress

"Formalismus ofnicken"

D'Piratepartei huet e Samschdeg als éischt Partei hei am Land hir Kandidate fir d'Europawahlen designéiert. De Kongress ass ouni Diskussiounen iwwer d'Bühn gaangen. Parteiintern Tensioune ginn et awer weiderhin.

auto_stories

4 min

No enger hallwer Stonn war alles erleedegt: Zéng Prioritéite fir den EU-Wahlkampf goufen ugeholl a sechs Kandidate goufen designéiert. Mat an d'Wahle ginn de Starsky Flor, de Chris Bernard, den Daniel Frères, d'Lucie Kunakova an de Christian Welter.

Mam Marie-Paule Dondelinger ass och eng Kandidatin vun der Partei fir integral Demokratie (PID) op der Lëscht. Vun de Kandidate ware just véier present a just zwee hu sech an hir Iddie selwer virgestallt. Dorënner de Christian Welter, dee seng Kandidatur fir d'Europawahlen op Nofro hin esou erkläert huet: Et hätt ee konkret Iddien an déi wéilt ee gär ëmsetzen. "An et ass schéin eng Bühn net nëmmen a Lëtzebuerg ze hunn, mee déi och iwwer d'Grenzen erausgeet."

Séier iwwer d'Bühn gaangen

Ofgewéckelt gouf de Kongress vun den zwee neie Chamberdeputéierte vun der Piratepartei, Marc Goergen a Sven Clement. De Parteipresident Sven Clement huet dofir gesuergt, datt alles séier iwwer d'Bühn geet. Notamment wéi et drëms goung, d'Kandidatelëscht en bloc an à main levée ze wielen, amplaz eenzel an engem geheime Vott.

Déi meescht Diskussioune wiere scho virdru gelaf, seet de Sven Clement op Nofro hin zum séieren Oflaf vum Kongress, allerdéngs wier et "am Virfeld sécherlech wäit vu kuerz a knackeg" gewiescht.

Datt um Enn just eng 20 Parteimemberen um Kongress waren, misst och net op ee Boykott vu partei-interne Kritiker hindeiten. Et kéint sinn, datt wéineg Leit kritesch gewiescht wieren, an déi wiere vläicht net komm. "Et kann awer och sinn, datt veschidde Leit gesot hunn, fir just ee Formalismus ofzenicken, muss ech mech net deplacéieren", esou d'Erklärung vum Sven Clement.

Matgrënner Jerry Weyer kandidéiert net

Datt just komplett Equippe vu jeeweils sechs Leit sech hunn dierfen zur Wahl stellen, kritiséiert op Nofro hin den Andy Maar. De Spëtzekandidat am Norde bei de Chamberwahlen 2013 huet seng Partei a besonnesch hire Generalsekretär Marc Goergen an de leschte Joren ëmmer nees schaarf kritiséiert. Hie fënnt, datt, "opgrond vun der onorthodoxer Kandidatureprozedur net onbedéngt déi beschtméiglechst Lëscht fir dës Wahlen zustane komme konnt."

Effektiv fält op, datt de Matgrënner an laangjäregen europapolitesche Spriecher vun der Lëtzebuerger Piratepartei, de Jerry Weyer, net dobäi ass. Och um Kongress war hien net. Op Nofro hi seet de Jerry Weyer, datt hie wollt Spëtzekandidat sinn. Firwat genee hien net zeréckbehale gouf, wëllt hien awer net präziséieren.

Fligelkämpf tëschent "Ur-Piraten" a "Quereinsteiger"

Op dee personaliséierte Modell vum Spëtzekandidat wéilten d'Pirate bei den Europawahlen awer verzichten an amplaz op eng Equipe setzen, erkläert de Marc Goergen. Hannergrond fir d'Decisioun kéinte Fligelkämpf sinn, déi zanter laangem an der Partei herrschen a bei deenen de Generalsekretär Marc Goergen sech an dësem Fall duerchgesat huet. De fréieren DP-Member Marc Goergen ass zanter 2012 mat enger kuerzer Ënnerbriechung tëschent 2015 an 2017 bei de Piraten an huet zanterhier staark un Afloss gewonnen.

Dat gesäit och den Andy Maar esou. De Broch tëschent de Fligelen hätt sech an den Diskussiounen ëm d'Europalëscht verfestegt. Hie mengt domadder d'Tensiounen tëschent "Ur-Piraten" an de "Quereinsteiger". Dat kéint een och un den zéng Prioritéite fir den Europawahlkampf gesinn: "Ambitiéis Positioune wéi d'Visioun vun der Republik Europa oder d'Reform vu Frontex" géif een hei net erëmfannen, esou den Andy Maar.

Kommunikatioun ass och bei de Piraten e Problem

D'Tensiounen an der Partei ginn et och wéinst der Decisioun fir an der Chamber een technesche Grupp mat der ADR ze maachen. Grondsätzlech misst ee sech elo anescht opstellen, fir d'Basis an déi parlamentaresch Aarbecht mat anzebannen, seet dozou de Sven Clement. Am Ufank wier alles ganz séier gaangen, an et wier een net prett gewiescht, fir ëmmer sou vill Memberen sou séier à jour ze halen.

Dat wier schonn am Gaange besser ze ginn. D'Kommunikatioun soll da souwuel iwwer digital Weeër, wéi och duerch direkte Kontakt tëschent de Parteimembere geschéien: "Mir wëllen net higoen a soen, technesch Léisunge sinn d'Léisung fir tëschemënschlech Problemer. Dat hu mir bei de Piraten an Däitschland gesinn, datt dat net funktionéiert huet. Mir brauchen ëmmer Leit, déi sech gesinn a sech och Mol kënne bësse streiden." Mee wann d'Leit sech gesinn, dat wiere se méi sozial a méi fair am Ëmgank, ass de Sven Clement iwwerzeegt.