Radioen

On air

De Moien  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kënnen d'Fraen dat?"

Fraen a Politik a Wirtschaft

"Kënnen d'Fraen dat?"

Datt Fraen a Politik a Wirtschaft manner present si wéi Männer, läit och u festgefuerene Mentalitéiten – bei Männer a Fraen. Dat soten d'Anik Raskin vum nationale Fraerot, d'Danièle Fonck, Generaldirektesch vun Editpress an d'Simone Massard, Buergermeeschtesch vu Sandweiler, a "Riicht Eraus". Et gouf awer och Kritik un der Politik.

auto_stories

8 min

D'Simone Massard, d'Anik Raskin an d'Danièle Fonck an der Emissioun "Riicht Eraus"

Den nationale Fraerot (CNFL) bedauert, datt d'Chancegläichheetsministesch Lydia Mutsch net och op Gemengenniveau eng gesetzlech Quot wëll aféieren. D'Sensibiliséierungscampagne Votez égalité, déi vum Ministère lancéiert gouf, fir Fraen ze motivéieren, sech fir d'Gemengewahlen 2017 opzestellen, géif net duergoen, fënnt d'Anik Raskin vum CNFL. Déi Campagne gëtt hirer Meenung no vun der Regierung "aus schlechtem Gewëssen" gemaach.

Op nationalem Niveau wëll d'Regierung eng Quot vu 40 Prozent pro Geschlecht op de Lëschte fir d'Chamberswahlen aféieren. Dobäi gëtt ee Lien mam Parteiefinanzéierungsgesetz gemaach: Déi Partei, déi déi 40 Prozent net anhält, verléiert een Deel vun hirer Dotatioun. Op Gemengenniveau ass deen Agrëff net ëmzesetzen, well do – wéinst Majorz- a Proporzsystem – d'Parteifinanzéierungsgesetz net spillt.

Trotzdem seet d'Anik Raskin: "Mir ënnerstëtzen all Sensibiliséierungscampagne, well Gesetzer alleng ginn net duer, och gesetzlech Quoten op Gemengenniveau géifen net duergoen". D'Opschaffe vu Rollebiller géif, zum Beispill, just iwwer Sensibiliséierung fonctionnéieren.

"Ech hu mech gefrot: 'Kanns de dat?'"

D'Simone Massard-Stitz ass zanter Januar 2015 Buergermeeschtesch vun der Gemeng Sandweiler. 1999 ass si fir d'éischte Kéier mat an d'Gemengewahle gaang. Ier si der lokaler CSV-Sektioun zougesot huet fir mat op d'Lëscht ze goen, huet si awer gezweiwelt. "Ech war virdrun ni an enger Gemengerotssëtzung, ech hat keng Ahnung vu Gesetzer, an ech hu mech vläit och ee Moment gefrot 'Kanns de dat?'", sou d'Simone Massard.

Si ass awer der Meenung, datt et genuch Frae ginn déi politesch intresséiert sinn, an och bereet wiere Mandater unzehuelen. "Mee si ginn net gewielt. De Wieler vetraut de Fraen net richteg, notamment mir Frae selwer net". 2011 ware vun de Kandidaten op de véier Parteilëschten an der Gemeng Sandweiler een Drëttel weiblech. Vun de 15 concernéierte Kandidatinne sinn der "just" véier gewielt ginn.

"Fir zu Lëtzebuerg gewielt ze ginn, muss ee bekannt sinn"

D'Anik Raskin vum nationale Fraerot gesäit ee Grond dofir am Lëtzebuerger Wahlsystem. "Fir zu Lëtzebuerg gewielt ze ginn, muss ee bekannt sinn. Et geet net duer Lëschte mat Fraen ze fëllen, déi een zwou Woche virum Stéchdatum sichegeet. Mee et ass awer dat wat ganz vill geschitt". Bei den Etuden, déi den CNFL no all Wahle mécht géif erauskommen, datt Fraen och zeréckgewielt gi wa si bis bekannt sinn. "Mee de Problem ass fir dohin ze kommen".

D'Generaldirektesch vum Grupp Editpress, Danièle Fonck, ass "eng Rei Kéieren" gefrot ginn, fir als Kandidatin op nationalem an europäeschem Plang mat op eng Wahllëscht ze goen. Ob et sech dobäi ëm déi Partei gehandelt huet, déi dem Tageblatt nosteet, also d'LSAP, wollt si a "Riicht Eraus" net soen. Si huet awer all Kéier refuséiert matzegoen – ee Choix, deen si aus beruffleche Grënn geholl huet. "Politik maachen ass ganz zäitintensiv, zemools an enger Zäit wou ëmmer méi legiferéiert gëtt. Donieft nach een zäitintensive Beruff auszeüben – dat geet net, ob een eng Fra oder ee Mann ass", sou d'Danièle Fonck.

"Dat géif bei engem Mann net passéieren"

D'Generaldirektesch vun Editpress ass kritesch beim Thema Quoten, sief et an der Politik oder an der Wirtschaft. "Quote kënnen hëllefen", seet si. Allerdéngs hätt d'Konzept seng Grenzen. "Wa mer vu Quoten schwätzen, da musse mer eis och froen, ob mer net am Educatiounssecteur oder an der Magistratur geschwënn eng Quot fir Männer brauchen". Generell wier d'Kompetenz virun der Quot kommen, dofir wéilt si och keng "Quotefra" sinn.

Si selwer huet an hirer berufflecher Carrière d'Erfahrung gemaach, datt d'Präsenz vun enger Fra, zum Beispill an enger Verwaltungsrotssitzung, op d'Männer ronderëm "befriemend wierkt". "A wann eppes befriemend wierkt, datt gëtt et direkt a Fro gestallt, dat géif bei engem Mann net passéieren".

"Iwwer Joerhonnerten eng Misogynie opgebaut"

Beim Personal wier et ähnlech: "Jiddereen ass frou ze soen, datt mir als éischt Pressehaus eng Cheffin hunn, mee dat heescht net, datt et am Alldag eng Evidenz ass", sou d'Danièle Fonck. "Et muss een all Dag Hürden iwwerwannen, well iwwer Joerhonnerten eng Misogynie opgebaut ginn ass", sou d'Danièle Fonck. Si ass der Meenung, datt de Wee zu méi Gläichberechtegung tëscht Fra a Mann dowéinst och iwwer d'Educatioun misst lafen.

Doriwwer eraus géif an der Gesellschaft méi vun enger Fra erwaart gi wéi vun engem Mann. Mamm-Sinn wier dowéinst och "ganz sécher" eng Barrière an der berufflecher Carrière vun enger Fra, sou d'Danièle Fonck.

Congé fir krank Kanner opdeelen

Wann et ëm d'Verbanne vu Beruff a Privatliewe geet, géif politesch nach vill ze vill exklusiv vun der Fra Rieds goen, bedauert den CNFL. "D'Frae musse mat hirem Partner eng gerecht Opdeelung vun de Verantwortunge verhandelen. An de Staat muss fir een Encadrement suerge, fir den zwee Elteren – net nëmmen de Fraen – et ze erlaben autonom ze liewen".

An dem Kontext wënscht de CNFL sech zum Beispill, datt de Congé, deen uffällt am Fall wou d'Kanner krank sinn, fest op déi zwee Partner verdeelt gi soll, sou datt Mamm a Papp ugehal wieren sech opzedeelen. An d'Patronen, dat ze respektéieren. D'Familljeministesch Corinne Cahen plangt, dëse Congé erop ze setzen.

Deelzäit: Manner Pei, manner Responsabilitéiten

Zu Lëtzebuerg besetzen 1,4 Prozent vun de Frae Chefposten, bei de Männer ass et dräimol souvill. Eng Roll spillt dem Anik Raskin no, an deem Konext, d'Deelzäit-Aarbecht. Ronn een Drëttel vun de Frae schaffen Deelzäit zu Lëtzebuerg. Dat bedeit hirer Meenung no net nëmmen "eng méi kleng Pei an eng méi kleng Rent", mee och datt Responsabilitéitsposten zu Lëtzebuerg dacks net vu Fraen an Deelzäit bekleet ginn. Anescht wier dat an Däitschland, wou et ee Modell gëtt, dee virgesäit, datt verschidde Chefposten duebel besat ginn. "Dat ass och praktesch wa Mol ee krank ass", sou d'Anik Raskin.

D'Danièle Fonck wier op jiddefalls bereet enger Fra déi Deelzäit schafft ee Responsabilitéitsposten ze ginn. "Et muss een de Leit kënne vertrauen, an hinne vermëttelen, datt d'Aarbecht muss gemaach ginn a gutt. Wann een an der Tëschenzäit säi Kand an d'Crèche muss siche goen, wou ass do de Problem?"