Radioen

On air

Notturno  |  404 Guild - The Evening Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fräi Hand fir den Emmanuel Macron?

Legislativwahlen a Frankräich

Fräi Hand fir den Emmanuel Macron?

D'Wahlbureauen hunn um Aacht Auer de Moien a Frankräich opgemaach: 47 Millioune Fransouse sinn opgeruff en neit Parlament ze wielen. Den neie Staatspresident wäert an der Assemblée Nationale eng dominant Majoritéit kréien. Méiglecherweis déi stäerkst zënter 1958.

auto_stories

2 min

Wéi staark gëtt La République En Marche?

Fir eng absolut Majoritéit am franséische Parlament brauch eng Fraktioun 289 Deputéiert. Do wäert d'Partei vum neie franséische Staatspresident Emmanuel Macron däitlech driwwer leien. Op Basis vun de Resultater vum éischte Wahltour (11. Juni) gëtt domat gerechent, datt déi zwou alliéiert Parteie MoDem a La République en Marche haut am zweeten decisiven Tour méi wéi 400 Sëtz an der Assemblée Nationale kréien.

Wa si eng eenzeg Fraktioun bilden, ass et déi stäerkst an der Geschicht vun der Fënnefter Republik (zënter 1958). Rekord huet bis elo d'Majoritéit vum President Jacques Chirac am Joer 2002 (365 Sëtz).

Wéi schwaach gëtt d'Oppositioun?

  • Numeresch spillt just d'Droite eng Roll: tëscht 50 an 110 Deputéiert gi fir déi konservativ Les Républicains virausgesot.
  • De Parti Socialiste spillt keng Roll méi: et gëtt just nach mat 15 bis 40 Deputéiert gerechent.
  • France Insoumise vum Jean-Luc Mélenchon gesäit sech als eenzeg inhaltlech Oppositioun géint den Emmanuel Macron. Mä et ass net kloer, ob d'Beweegung genuch Deputéiert stelle wäert fir de Fraktiounsstatus ze kréien (15 Deputéiert sinn néideg).
  • De Front National gesäit sech och als inhaltlech Oppositioun, mä kritt de Schätzungen no héchstens 5 Deputéiert. Also: Kee Fraktiounstatus.

Historesch Entwécklungen

D'Historiker an Observateure si sech eens: am groussen europäesche Land Frankräich gëtt den Ament Geschicht geschriwwen. Den Emmanuel Macron ass entgéint allen Erwaardunge Staatspresident ginn an dëse Sonndeg soll hien eng staark Majoritéit am Parlament kréien, woumat viru sechs Wochen nach kee gerechent hat. Déi traditionell Parteie si just nach Spectateur a sinn déi nächst Méint a Jore virun allem domat beschäftegt, nees e Fouss op de Buedem ze kréien. D'Dageszeitung Libération kënnt zur Konklusioun: "Dimanche, c'est la fin du carnage".