Fräie Mikro: De Fonds national de la Recherche an d’Geeschteswëssenschaften

De Michel Pauly, Professer fir transnational Lëtzebuerger Geschicht op der Uni, freet sech, dass de Rapport Artuso gewisen huet, wéi di universitär Fuerschung zu gesellschaftlechen Debatte ka bäidroen, mä bedauert, dass d’Geeschteswëssenschafte net besser ënnerstëtzt ginn:

 

De Vincent Artuso hat 2011 op der Uni Lëtzebuerg en Doktorat iwwert Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich geschriwwen, an deem e sech intensiv mat Kollaboratioun oder Resistenz auserneegesat hat. Doduerch wor d’Uni ëmstand, fir dem Staatsminister säin Optrag unzehuelen, der Verwaltungskommissioun hiert Verhale vis-à-vis vun de preisesche Besatzer am Joer 1940 z’analyséieren. Lo ass et un de politeschen Instanzen, fir doraus Conclusiounen ze zéien. D’Uni konnt un deem Beispill schéi weisen, wat fir eng Roll si an der Lëtzebuerger Gesellschaft kann a wëllt spillen.

Sécher si nach vill aner Aspekter aus där Zäit z’ënnersichen. Wa jonk Leit Loscht hunn, sech an déi Aarbecht ze knéien, fannen se op der Uni sécher Proffen, déi bereet sinn, se dobäi ze beroden an ze betreien. Ob se awer weiderhi mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Fonds national de la Recherche kënne rechnen, ass éischter ongewëss. An Zukunft soll et nëmmen nach just e puer individuell Allocatioune fir Doktorande ginn. Dofir sollen haaptsächlech Konsortien ënnerstëtzt ginn, déi aus op d’mannst 8 Proffe bestinn, déi d’Promotiounsrecht hunn. Do wäerte wuel eng Rei Fächer eidel ausgoen.

Doriwwer eraus ass den FNR am gaang seng Kritäre fir wëssenschaftlech Projeten ze finanzéieren, esou drastesch ze änneren, dass d’Geeschteswëssenschafte keng grouss Chance méi hunn. Och dem Vincent Artuso seng jéngste Recherche hätt deene Kritären net entsprach.

Obschonns de CORE-Programm Fuerschung iwwert de gesellschaftleche Wandel zu Lëtzebuerg virgesäit, krut zejoert eng Uniséquip e Projet refuséiert iwwert di historesch Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg am 19.-20. Jorhonnert, mam Argument, dat géif net a seng “priorités de recherche” passen. Hat ee gemengt, esou eng Prioritéit wär vague genug formuléiert, dass bal all historesch a sozialwëssenschaftlech Recherche dra passt, sou muss een haut feststellen, dass déi Onpräzisioun just den Zweck hat, fir dass den FNR arbiträr kann décidéieren, wat e wëllt finanzéieren a wat net.

Verlaangt ass och, dass all Projet innovativ Methoden applizéiert. Wat fir een Historiker oder Literaturwëssenschaftler kann dann d’Prétentioun hunn, nei Methoden ze erfanne fir säi Sujet ze behandelen? Dat wor och beim Artuso-Rapport net de Fall. Nei Resultater mat bewäerte Methoden oder neien, déi een aus dem Ausland iwwerhëlt, ginn awer dem FNR net méi duer, fir e Projet z‘ënnerstëtzen.

Net méi finanzéiert gëtt och d’Publikatioun vun Dissertatiounen a Sammelbänn, z.B. d’Virträg vun engem Colloque. Domat sinn d‘Geeschteswëssenschaften ausgeschloss, well grad dat sinn déi wichtegst Publikatiounsformen an deene Fächer.

Net zougelooss ass och d’Schafe vun Datebanke, z. B. fir en Dixionär oder Atlas oder Quellesammlungen. An den Ae vum FNR ass dat keng Wëssenschaft. Et maach sinn, dass an de Naturwëssenschaften d’Opstelle vu Stéchprouwe keng héijer Qualifikatioun verlaangt. An de Geeschtes- a Sozialwëssenschaften ass dofir nawell grad eng héich Kompetenz an Erfahrung erfuedert, wa net sollen Äppel mat Bire verglach ginn.

An der Lëtzebuerger Fuerschungspolitik gesäit et trotz dem Succès vum Artuso-Rapport ganz dono aus, dass nach just Projete mat engem direkten ekonomeschen Impakt zum Beispill an de Finanzen oder an der Biomedizin sollen ënnerstëtzt ginn. Wéi wann ons Gesellschaft sech ouni Reflexioun iwwert sech selwer kéint mat Succès op d’Zukunft virbereeden.

Programm

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen