Fräie Mikro iwwert d’Geschicht vum Wahlrecht
Am Kader vun den Debatt ronderëm de Referendum geet den Historiker Michel Pauly der Fro no, wou d’Wahlrecht eigentlech hier kënnt a wéi an der Geschicht d’Bedingunge gewiesselt hu fir däerfe wielen ze goen:
Matbestëmmen iwwert d’Zukunft vum Land an iwwert d’Regele vum Zesummeliewe wor net ëmmer e Recht, dat all Awunner vun engem Land haten. Traditionell gëtt gesot, d’Athener hätte schonn d’Demokratie agefouert. Mä och do huet net dat ganzt Vollek matbestëmmt. Sklaven, Friemer, Fraen, Kanner ware ganz ausgeschloss an d’Männer woren a Gruppen agedeelt jee no Akommes a Wunnvéierel. A nëmme wee genuch Sklaven hat, konnt en ëffentlech Mandat unhuelen. Net Wahlen, mä d’Lous huet dacks bestëmmt, ween eng Zäit laang en Déngscht fir di ganz Gemeinschaft vun den Awunner misst ausüben. Och bei de Réimer huet ee misse Steiere bezuele fir däerfe wielen ze goen. De Prinzip, dass nëmmen deen däerf matbestëmmen, deen sech eng Krichsausrüstung konnt leeschten, huet an Europa vill Jorhonnerte laang gegollt.
Am 18. Jorhonnert woren et d’Awunner vun de britesche Kolonien um amerikanesche Kontinent, déi mat der Fuerderung komm sinn: „No taxation without representation“. Wéi d’Londoner Regierung nei Steiere wollt ophiewen, hunn si déi refuséiert, wann si net och Deputéierter kënnten op London an d’Parlament schécken. Si hunn sech doropshi bekanntlech onofhängeg erkläert an d’USA gegrënnt. Mä d’Wahlrecht haten och do kengeswees all d’Awunner: et huet ee missen e fräien, wäisse Mann sinn, Land besetzen an 30 Joer al sinn. D’Urawunner ware vu vir eran ausgeschloss, Sklaven, Fraen an aarm Leit och. An Europa war dat net vill anescht: Wéi d’franséisch Revolutioun 1789 Biergerrechter definéiert huet, huet se och verschidde Klasse vu Bierger agefouert, mat an ouni Wahlrecht, mat nëmmen aktivem oder mat aktivem a passivem Wahlrecht.
Am Laf vum 19. Jorhonnert sinn a ganz Europa Nationalstaten entstan. A Gott weess wéi vill Kricher dowéinst gefouert goufen, bis haut. Du koum d’Nationalitéit als Konditioun derbäi, fir däerfe wielen ze goen. Dat wor also eng historesch bedéngten Décisioun, an et ass also falsch ze maachen, wéi wann d’Nationalitéit an d’Bluttgrupp oder an d’Chromosomen ageschriwwe wär.
Lues mee sécher sinn déi genannte Wahlbedingungen ofgeschaf oder erliichtert ginn. Zu Lëtzebuerg kruten 1919 all Männer a Fraen d’Wahlrecht, egal wéi vill Steiere se bezuelt hunn. De Mindestalter gouf 1948 vu 25 op 21 Joer a 1972 op 18 erofgesat. An Éisterräich gouf en 2007, zu Bremen 2009 an a Brandenburg 2011 op 16 Joer reduzéiert. Et muss een also hautdesdaags net méi räich sinn, net méi e Mann sinn, net méi groussjäreg sinn, fir däerfe wielen ze goen. Et bleift just nach d’Nationalitéit, déi dem urspréngleche Prinzip: keng Steieren (oder méi allgemeng: keng Gesetzer) ouni Matbestëmmung, entgéint steet.
An engem Debat, deen d’Zäitschrëft forum di vireg Woch organiséiert hat, huet d’Catia Gonçalves betount, dass et beim Ofschafe vun der Nationalitéiteklausel net ëm eng Faveur fir d’Auslänner geet, och net ëm d’Fro, ob sinn iwwerhaapt interesséiert sinn, mee ëm e Mënscherecht: Wisou muss en EU-Bierger, deen säin unerkanntent Recht op fräi Mobilitéit realiséiert a sech an engem anere Land néier léist, en anert Recht opginn, nämlech d’Recht, seng Zukunft an déi vun deem Land wou e wunnt matzebestëmmen? Sou wéi mer jo och näischt dergéint hunn, dass Auslänner an onser Arméi déngen an ons Souveränitéit verdeedegen, sou hätte grad mir Lëtzebuerger, déi ëmmer méi al ginn, all Interessi drun, méi jonk Wieler, also Lëtzebuerger ënner 18 Joer an Auslänner, déi am Duerchschnëtt sechs Joer méi jonk si wéi d’Lëtzebuerger, mat decidéieren ze loossen, wann et ëm di gemeinsam Zukunft geet. Eng Natioun sinn net Leit, déi dee selwechte Pass hunn, mä Mënschen, déi sech zesumme fir e gemeinsamen Territoire asetzen.