Fräie Mikro: LuxLeaks, eng al Traditioun!

LuxLeaks war fir keen, dee sech e Minimum fir Politik interesséiert, eng Iwwerraschung. Allerdéngs wäerft LuxLeaks e puer Froen op, déi an engem Rechtsstat misste gestallt ginn! De Fräie Mikro vum Danielle Igniti.

 

Fir all déi, déi op der Tëlee heiansdo aner Saache kucke wéi “Deutschland sucht den Superstar”, war LuxLeaks keng Revelatioun. Wann een dem Luc Frieden séin extreme Malaise an der Sendung “cash investigation” op France 3 gesinn hat, an och schonn emol an der Stad bei engem Haus stoung mat 16 Schelle mat dem selwechten Numm drop, war et kloer, datt an der Steierverwaltung “getrickst” gëtt.

Mee deenen, déi scho viru Joeren dës komesch Geschäfter hannerfrot hunn, a versicht hu fir eng Tobintax ze militéieren, fir wéinstens eng kleng Contributioun vun den decke Fortunen zu Gonschte vun der Allgemengheet an ze zéien, ass ëmmer geäntwert ginn: Et ass alles legal an duerch des Regelungen hu mer Wuelstand, Aarbechtsplazen an e Sozialstaat. Wann ee sech net mat dessen Argumenter zefridde ginn huet an ethesch Bedenken an d’Spill bruecht huet, ass een als Naschtbeschmotzer ofgestempelt ginn.

Elo mat LuxLeaks weess all Mënsch: Lëtzebuerg gehéiert mat Holland, Irland, Gibraltar zu deenen Länner déi anere Staten iwwert den Tax Ruling Milliarde Steiersuen klauen. Mir sinn net déi eenzeg déi des Praktiken uwenden, déi an der politesch korrekter Sprooch “optimisation fiscale” genannt ginn. Mee geet dat duer fir se ze justifiéieren a se souguer ganz hardy als Patrimoine ze deklaréieren, wéi den neie Finanzminister dat virun der auslännescher Press gemaach huet. Ech hu bis elo gemengt d’Tour Hadir zu Déifferdeng wär eise Patrimoine. Dat war sécher falsch, well déi gëtt ofgerappt.

Mir wunnen also an engem Land, wou eng deck Firma, déi vill Ëmsaz mécht duerch eise Konsum, wéi IKEA oder Amazon, duerch den Intermédiaire vun deene véier groussen Auditfirmen PWC-KPMG asw., direkt beim Steieramt hire Steiertaux aushandele kann, fir en esou no wéi méiglech bei null Prozent ze bréngen.

De vulgum Steierzueler, dee gëtt nom Barème besteiert op den Centime genau an ouni Délai. Wéi leeft dat da beim Ruling? Ween decidéiert do? Wéi sinn d’Critèren? Geet dat à la tête du Client oder no der Laun vun der Administratioun? Ouni emol vun ethesche Wäerter ze schwätzen a sozialer Gerechtegkeet, wei ass et mat der rechststaatlecher Basis vun dëser Praxis? Wa se legal ass, da baséiert se dach sécher op engem Gesetz! Kann ee mer soe wéini dat gestemmt ginn ass, wéi d’Positioun vun de Parteie war, wat de Staatsrot dozou gesot huet an d’Ethikkommissioun?

Zwou Froen hätt ech nach zum Schluss: Wéi wéit hier ass et da mat der vill geluefter Kompetenz vun eiser Finanzplaz, wa se haaptsächlech duerch Tricksereien iwwerlieft?

Wéi wëllt d’Politik der Populatioun Spuermoossnamen imposéieren, wann anerer hirer elementarer Pflicht vun Solidaritéit mat der Gesellschaft, an där a vun där se liewen, net no kommen?

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen