Fräie Mikro: Luxleaks: legal? mä onmoralesch!

De Michel Pauly vun der Zäitschrëft forum kënnt op d’Luxleaksaffaire zeréck a stellt d’Fro, ob alles wat legal ass och moralesch ze vertrieden ass.

 

Am Fong hat ech wëlles haut iwwert d’Kulturpolitik ze schwätzen, méi präzis iwwert den Denkmalschutz, well nächste Freideg a Samschdeg a Neimënster d’Assises de la Culture sech domat solle beschäftegen. Ech hunn awer musse feststellen, dass net een Historiker invitéiert gouf mat nozedenken, wéi ee mam Patrimoine historique soll ëmgoen. An d’Ofrappe vun historesch interessante Gebaier geet ënnert der DP-Ministerin monter weider. An ´t ass kaum Protest ze verspieren.

Dofir kommen ech op d‘Luxleaksaffär zréck, déi jo méi Leit interesséiert. An ech hu mech geschummt Lëtzebuerger ze sinn. Mä fänke mer vir un. Scho laang stellen ech mer d’Fro, firwat Lëtzebuerg dat räichstent Land an der EU a vläicht souguer op der Welt ass. D’Äntwert läit engersäits dodran, dass mer Jorhonnerte laang bestëmmten Ausgabe gespuert hunn: Mir hu bis 2003 keng Universitéit finanzéiert, mir hu keng héichspezialiséiert Klinike gebaut, mer hu bis 1995 ganz wéineg an d’Kultur investéiert, mir hu keng Suen an d’Recherche gestach. Anersäits hu mer ons Steieren haaptsächlech vun Auslänner bezuele gelooss: mat nidderegen Akzisen op Alkohol, Benzin an Tubak lackele mer ëmmer nach vill Auslänner an d’Land. Mam Bankgeheimnis hu mer belsch Beamten derzou verleet, hiert gespuertent Geld op Lëtzebuerger Konten unzeleeën, beim Internet-Handel stieche mir bis Enn 2015 d‘TVA an d’Täsch, an elo gi mer gewuer, dass Dausende vun Entreprisen hir Beneficer, déi se am Ausland man, op Lëtzebuerg transferéieren, fir se do mat manner wéi 1% besteieren ze loossen.

Dat ass net nëmmen extrem ongerecht vis-à-vis vun individuelle Steierzueler, mä et ass virun allem eng Katastrof fir déi Länner, deene Steierbeträg a Milliardenhéicht entginn. Wou am Hierscht 2012 eng grouss Molkerei aus Griicheland hire Sëtz op Lëtzebuerg verluegt huet, hat d’Zäitschrëft forum proposéiert, de Lëtzebuerger Staat sollt déi Steiersuen, déi e vun där Firma erakritt, integral u Griicheland iwwerweisen, dat bekanntlech a ganz schlechten Dicher stécht. Wou forum am Februar 2013 an engem Interview den deemolege Staatsminister dorop ugeschwat huet, sot deen, e géif dat jo och schrecklech fannen, an en hätt schonn e puermol an Europa proposéiert, “dass die Länder zu denen dieses Geld fließt, mit den griechischen Autoritäten zusammenarbeiten, damit die Inhaber dieser ausgewanderter Fonds … wieder in Griechenland selbst besteuert werden können.“ Wéi hypokritesch déi Äntwert wor, versteet een, wann een drun denkt, dass en 2009 dem Cercle des ONG gedréit huet, de Memberorganisatiounen d‘Subsiden ze sträichen, déi se fir d’Entwécklungshëllef kréien, well deen eng Etude publizéiert hat iwwert d’Steierhannerzéiung an der Drëtter Welt, déi der Bankeplaz Lëtzebuerg zegutt kënnt. Elo huet en da misse virum Europaparlament di politesch Verantwortung fir déi Tricksereien iwwerhuelen.

Di Häre Bettel a Gramegna par contre soen ëmmer nach, wéi kleng Kanner: Et ass alles legal, oder: Di aner man et och! Ob alles legal ass, bleift nach ze beweisen, mä dat ass d‘Fro net. Nach laang net alles wat legal ass, ass legitim a moralesch. D’kathoulesch Kierch widderhëlt dat ëmmer nees, awer just wann et ëm Ofdreiwung an Euthanasie geet. Am Debat iwwert d’Steierpolitik hält se komescherweis de Mond, obschonns duerch de Verloscht vu Steiersuen an deenen aarme Länner oft vill méi Liewen um Spill sti wéi duerch Ofdreiwungen zu Lëtzebuerg. Ech schumme mech, dass Lëtzebuerg räich ass, well aner Länner doduerch aarm ginn. Här Gramegna, den Tax ruling gehéiert op kee Fall zum Lëtzebuerger Patrimoine, dee misst geschützt ginn. Zum Lëtzebuerger Patrimoine gehéieren nieft der historescher Bausubstanz Éierlechkeet, Gerechtegkeet a Solidaritéit mat deenen Äermsten.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen