Fräie Mikro: Vive de konfessiounsneutrale Reliounsunterrecht!

A senger historescher Analyse zum Accord vum Lëtzebuerger Staat mat de Glawensgemeinschaften hat den Historiker Denis Scuto um radio 100,7 drop higewisen, dass déi wichtegst Kompensatioun, déi d'kathoulesch Kierch kritt, hiren Afloss op de Wäerteunterrecht wäert sinn. De Claude Meisch mécht wéi wann dat net sou wier, a versicht eis e konfessiounsneutrale Reliounsunterrecht als e moderne "cours d'éducation aux valeurs" ze verkafen. Dozou e fräie Mikro vum Denis Scuto:

 

Wat waren déi grouss Wäerter-Diskussioune ronderëm d'europäesch Verfassung virun 10 Joer sou flott... An d'Präambel vun der Verfassung wollten déi eng d'griechesch-réimeschen Antik an d'Opklärung, d'Lumières, als wichteg Fundamenter vun Europa, déi aner d'Chrëschtentum aschreiwen. D’Membere vum Verfassungskonvent hunn no laangen Ausernanersetzungen dunn decidéiert, déi konkret Referenzen souwuel un d’Antiquitéit wéi un d’Chrëschtentum, mee och un d’Lumières, ewechzeloossen. Nët eng Relioun oder eng Philosophie ass prägend fir Europa, hu si an der Präambel festgehalen, mee mat ënnerschiddleche Reliounen an Iwwerzeegungen op eng anengems kritesch an tolerant Aart a Weis ëmzegoen. Fir dat ze maache kënnen d'Europäer aus dem "kulturellen, reliéissen an humanisteschen Ierwen" schöpfen. Zu universelle Wäerter huet déi Verfassung dogéint Fräiheet, Demokratie, Gläichheet a Rechtsstaatlechkeet erkläert.

D'Verfassung ass wéi mer wëssen ni a Kraaft getrueden an d'Konklusioune vun 2005 sinn offensichtlech keng Referenz méi. Dat weist d'Kaderdokument "Leben und Gesellschaft", d'Präambel vum neie Wäerteunterrecht, vum emeritéierten Züricher Professer Jürgen Oelkers. A sengem Dokument ass nees eng reliéis an eng philosophesch Traditioun prägend fir eis Gesellschaft, an net de kriteschen Ëmgang domat. De Jürgen Oelkers war an der Schwäiz Co-Auteur vum Bildungsfach "Religion und Kultur", ronderëm déi didaktesch Usätz "Learning about Religion" an "Learning from Religion". E Cours, deen hie selwer als "konfessionsneutralen Religionsunterricht" bezeechent huet, mam Ziel aus dem Schüler eng  "religiös gebildete Person" ze maachen. An sengem Pabeier fir Lëtzebuerg kënnt dräimol dat Wuert kritesch vir, mee net wa vun der Ausernanersetzung mat e. a. reliéisen Traditioune Riets geet. Wann et dem Unterrechtsministère net drëms geet, ee “konfessiounsneutrale Reliounsunterrecht” anzeféieren, da stellt sech d'Fro firwat en op d'Expertise vum Jürgen Oelkers zeréckgräift. Deem seng Fuerschungs-schwéierpunkter a ganz wäertvoll Publikatiounen sech virun allem mat Historescher Bildungsfuerschung a Reformpädagogik beschäftegen.

D'kathoulesch Kierch ass happy. Si akzeptéiert souguer, dass de Jürgen Oelkers nët nëmme vum chrëschtlechen, mee och vum jüdeschen Ierwe schwätzt. Dat Wuert "aufklärerisch", dat den Auteur benotzt huet, gouf vun der Kierch awer an hirer Stellungnahm zensuréiert. Si seet eis, dass den Oelkers och op d'Ierwe vum "philosophischen Humanismus" verweist. A mengt domat wuel déi Zäit wou d'Humanisten nach all iwwerzeegte Chrëschte waren.

Mee wann ech gelift, net d'Zäit vun den Opklärer. Vun esou Philosophe wéi dem Diderot. Säin didaktesche Prinzip war net "Learning from religion", mee deen heiten: "mettre le peuple comme à la gêne. Alors les esprits seront troublés, incertains, flottans, éperdus; et vos spectateurs, tels que ceux qui, dans les tremblemens d'une partie du globe, voient les murs de leurs maisons vaciller, et sentent la terre se dérober sous leurs pieds." Mettre le peuple à la gêne: Dat heescht an eisen Demokratien a laiziséierte Gesellschaften d'Fäegkeet vu fräien, selbstbestëmmten, emanzipéierte Bierger hir eegen Iwerzeegungen an déi, déi se iwwerliwwert kruten, wat net seelen déi selwecht sinn, kritesch kënnen ze beliichten an ze hannerfroen.

Dem Diderot seng nei materialistesch Iwwerzeegungen an senger "Lettre sur les aveugles à ceux qui voient", goufe vun der Kierch verurteelt an e krut 3 Méint Haft am Château de Vincennes fir driwwer nozedenken. Dono gouf e méi virsiichteg. Mee dem Diderot säi spéidert Wierk otemt weider säi fräie Geescht vun deem hie selwer nët méi gegleeft huet, dass deen do uewen him e ginn hätt. Problemer kritt hien dofir nach 200 Joer no sengem Dout. Wéi de Jacques Rivette an den 1960er Joren dem Diderot säi Roman La Religieuse verfilmt, gëtt dee Film, op Drock e. a. vum Äerzbëschof vu Paräis, als blasphématoire zensuréiert.

50 Joer méi spéit, no den Attentater op Charlie Hebdo, wëllt den Imam vu Mamer, mat ufänglecher Ënnerstëtzung vum Generalvikar Erny Gillen, Karikature vum Prophet duerch e Verhalenskodex fir d'Press verbidde loossen. An engem Rechtsstaat wou den Délit de blasphème offiziell 2004 duerch dat neit Pressegesetz ofgeschaaft ginn ass, mee wou een och scho virdrun dovun ausgaangen ass, dass et Pressefräiheet gëtt.

Do trëfft et sech jo gutt, dass, wéi ech aus verlässlecher Quell weess, d'Blasphemie den éischten themateschen Dossier ass, deen d'Aarbechtsgrupp "Wäerteunterrecht" am gaangen ass auszeschaffen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen