Fräie Mikro: Mécht Mandatsbegrenzung Sënn?

D'Begrenzung op zwee Mandater oder zéng Joer fir e Ministerposten ass eng vun den dräi Froen, déi am Juni am Referendum gestallt gëtt. Am Fräie Mikro stellt de Laurent Moyse eng Rei Iwwerleeungen zu dëser aktueller Thematik.

 

De politesche Stëmmungsbarometer, deen d'lescht Woch an de Medie verëffentlecht gouf, weist drop hin, dass fir d'éischt méi Läit géint d'Auslännerwahlrecht wéi dofir sinn, an dass eng Majoritéit vu Gefroten sech géint d'Erofsetze vum Wahlalter ausschwätzen. Zur d'Mandatsbegrenzung fir d'Ministere schwätzt sech allerdéngs eng liicht Majoritéit dofir aus.

Dat ass schonn e bësschen erstaunlech. De Wieler huet jo selwer d'Kaarten an der Hand, fir engem Member vun der Regierung bei der nächster Wahl säi Vertrauen ze schenken oder net. An der Vergaangenheet wor et éischter esou, dass vill Ministeren e puer Mol erëmgewielt goufen an deemno iwwer zéng Joer eng Regierungsverantwortung gedroen hunn.

Bei de Parteie spille kloer Hannergedanke mat. Déi aktuell Majoritéitsparteie si fir d'Mandatsbegrenzung, well si domat d'CSV schwäche wëllen; d'CSV ass dogéint, well si riskéiert, hir joerzéngtelaang Dominanz an der lëtzebuerger Politik endgülteg ze verléieren. Eng aner Ursaach fir dës Fro ze stelle kéint sinn, dass eng Rei Politiker, déi mam System vum Panaschéieren net waarm ginn, eng Mandatsbegrenzung als eng Méiglechkeet ugesinn, fir de Vote, deen sech op Persoune bezitt, ofschwächen.

Een Argument fir d'Mandatsbegrenzung ass, dass doduerch kee Minister sech fir eng länger Zäit un d'Muecht klammere kann, wéi dat zum Beispill an enger Diktatur heefeg ass. Mä an enger Demokratie – och déi representativ Demokratie wéi mir si kennen – spillt de Wieler eng entscheedend Roll an der Carrière vun engem Regierungsmember.

Bei enger Mandatsbegrenzung kënnen och negativ Konsequenzen optauchen. Fir Minister ze ginn, muss ee jo net onbedéngt an d'Chamber gewielt ginn. Bei enger Begrenzung vun zwee Mandater kann een sech virstellen, dass wann eng Partei oder eng Koalitioun zeréckgewielt gëtt, d'Versuchung méi grouss gëtt, Quereinsteiger, déi sech dem Suffrage universell net stelle wëllen, zéng Joer laang als Minister an enger Regierung ze halen. Et muss net onbedéngt eng schlecht Saach sinn, wann eng Partei op extern Kompetenzen zeréckgräift, mä vu wéini un ass dat nach demokratesch gerechtfertegt?

Natierlech kann e Kandidat no zéng Joer Ministeramt a fënnef Joer Abstinenz erëm e Ministerpostë kréien. D'Fro stellt sech awer, op sech bei de Politiker doduerch d'Tendenz net nach verschäerft, kuerzfristeg Léisungen op Käschte vu laangfristege Projete virzezéien. Ausserdeem huet d'Beispill vu Russland bewisen, dass eng Mandatsbegrenzung keng Garantie géint eng autoritär Vollmuecht ass.

Et kënnt een net ëmhinn, sech ze froen, op d'Mandatsbegrenzung vun de Ministeren eng kamout Aart a Weis ass, aner Sujeten ze ëmgoen. Zum Beispill gëtt néierens d'Fro vun enger Mandatsbegrenzung am Parlament opgeworf. Oder déi vum Cumul vu politesche Mandater, ënnert anerem um lokalen an nationale Plang. Et héiert ee grad esou wéineg iwwert d'Verbesserungsvirschléi, déi Zesummenaarbecht vum Exekutiv mat der legislativer Muecht kennzeechne kéinten.

Zum Schluss kann een sech froen, op d'Mandatsbegrenzung fir d'Ministeren iwwerhaapt eng konstitutionell Fro ass. Dat kéint jo och iwwer en einfacht Gesetz geregelt ginn. Fir esou eng Neierung anzeféieren, wier et logesch, fir d'éischt esou e System auszeprobéieren an eréischt dann, wann dat sech bewäert soll hunn, d'Méiglechkeet virzegesinn, déi Reform an der Verfassung ze verankeren.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Noriichten

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen