Radioen

On air

De Moien  |  Schwéierpunkt vum Dag

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fräiwëlleg Impfung fir Jonker vun 18 Joer un

Impfstrategie

Fräiwëlleg Impfung fir Jonker vun 18 Joer un

Jonk Leit vun 18 Joer u kënne sech vu muer un op impfen.lu aschreiwe fir eng Impfung mat de Vaccinen AstraZeneca oder Johnson&Johnson. Dobäi gelt de Prinzip first come, first serve.

auto_stories

2 min

De Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert hunn de Mëtten nom Ministerrot nach eemol de Point gemaach. Et kéinten sech elo och Leit nach eemol aschreiwen, déi op déi éischt Invitatioun net reagéiert hunn.

De Résumé lauschterenplay_arrow

Fir d'Impfung vu Mannerjärege suivéiert d'Regierung den Avis vum Conseil Supérieur pour Maladies Infectieuses. Deen huet rëmkommandéiert, datt Jugendlecher vun 12 Joer u mam Vaccin vu BioNTech/Pfizer kënne geimpft ginn. Wéini déi Impfungen ufänke kënnen wier nach net kloer, sou de Premier. Hie géif awer hoffen, datt bis de 15. Juli jiddwereen iwwer 18 Joer eng Impfinvitatioun krut.

Large-Scale-Testing gëtt ëmfonctionéiert

Weider huet d'Regierung decidéiert, de Large-Scale-Testing ëmzefonctionéiere fir Leit, déi nach net geimpft sinn, net ze benodeelegen. Vum 20. Juni u solle ee sech deemno selwer e Rendezvous fir e gratis PCR-Test am Large-Scale-Testing kënnen huelen, an dat sou dacks wéi ee wëll. De Xavier Bettel huet nach betount: D'Impfcampagne géif gutt funktionéieren, a kloer Resultater weisen.

Bis gëschter Owend ware 423.000 Impfdosisse gesprëtzt, 52 Prozent vun de Leit iwwer 18 Joer sinn op d'mannst eemol geimpft. Mëttlerweil géifen d'Invitatioune fir leit ënner 30 Joer eraus goen. Dem Premier no géif ee grouss Fortschrëtter maachen, d'Infektiounszuele géifen ongeféier um Niveau vum leschte Summer leien.

Engem optimisteschen Zenario no kéinte bis de 15. Juli sämtlech Leit iwwer 18 Joer geimpft sinn, am pessimisteschen Zenario wier dat bis Enn Juli de Fall. De Mëtte war et dann och nach d'Info, datt momentan nëmmen nach eng eenzeg Persoun mat Covid-19 op der Intensivstatioun läit.

Spideeler: Visiteuren erëm erlaabt

Och d'Spideeler stelle sech elo op d'Covidcheck-Reegelen ëm, vun nächste Sonnden u si Visitten nees tëscht dräi an siwen Auer erlaabt, ausser fir speziell Covid- oder Intensivstatiounen. Bei der Entrée muss een entweeder e gëltege Covidcheck-Zertifikat an eng Identitéitskaart bei sech hunn. Et kann een awer och en Schnelltest op der Platz maachen, dee gëllt awer net als zertifiéiert.

Visiteure kréien dann ee Badge, dee se zu all Moment musse virweise kënnen. Pro Bett si maximal zwee Visiteure gläichzäiteg erlaabt, am Spidol gelt weiderhi Maskeflicht, Desinfektioun vun den Hänn an d'Anhale vun annerhallwem Meter Distanz.