D'Juristin Nina Garcia soll d'Direktioun an der Défense iwwerhuelen, wann den aktuellen éischte Regierungsrot Gilles Feith als neie CEO vu Luxair confirméiert gëtt. Op Nofro sot de Verteidegungsminister a Vizepremier François Bausch, hie géif d'Nina Garcia fir de Poste proposéieren, sous Reserve, datt d'Nominatioun vum Gilles Feith bei der Luxair vum Verwaltungsrot ugeholl gëtt.
Well d'Aktionäre vun der Luxair d'Nominatioun zesummen decidéiert hunn, dierft enger Confirmatioun näischt am Wee stoen. De Verwaltungsrot vun der Luxair soll d'Nominatioun geschwënn offiziell validéieren.
D'Nina Garcia schafft zanter enger hallwer Dose Joren als Juristin an der Direction de la Défense.
Vum CTIE via d'Defense bei d'Luxair
De Gilles Feith war nom Regierungswiessel viru knapp annerhallwem Joer an de Verteidegungsministère gewiesselt. Virdru war hien Direkter vum staatlechen Informatikdéngscht CTIE. Hie gouf vum Luxair-President Giovanni Giallombardo als neie CEO op den 1. Juni virgeschloen, no Concertatioun mat den Aktionäre vun der nationaler Airline, huet d'Luxair dësen 30. Abrëll annoncéiert.
De Poste gëtt fräi, well den aktuelle Luxair-Generaldirekter Adrien Ney op den 1. Juni an d'Pensioun geet. Hie wollt eisen Informatiounen no eréischt méi spéit an d'Pensioun, gouf awer encouragéiert elo opzehalen. Verschidden Acteuren um Flughafen a beim Staat waren onzefridden iwwer d'Krisegestioun bei der Luxair um Ufank vun der Corona-Pandemie.