François Koepp: "d'HORESCA schaaft nei Aarbechtsplazen"

IVD-François-Koepp-1024x682.jpg

D'HORESCA, sou de Generalsekretär François Koepp, ass ee vun de wéinege Secteuren, déi permanent Leit rekrutéieren, och där ouni Qualifikatiounen. Eng wichteg Ausso, um Hannergrond vun enger Parti Suergen, déi dësem Wirtschaftsberäich nach ëmmer, an ëmmer nees ze schafe maachen. Op där anerer Säit gëtt awer och e sëlleche Problemer: besonnesch d'Käschtenexplosioun géif sech negativ fir d'Cafetieren auswierken. Grad am Süde vum Land géinge vill Bistroen ëm d'Iwwerliewe kämpfen, de Fëmmverbuet géif d'Situatioun weider verschlechteren. Dann ass och nach d'TVA-Erhéijung vun 3 op 17 Prozent op alkoholeschem Gedrénks dobäi komm. Fir Hotelieren, déi vill an nei Wellnessberäicher investéiert hunn, wier deen héije Waasserpräis ee Problem, deen déi meescht vun hinnen zum nämmlechten Tarif wéi privat Stéit facturéiert kréien.

Dee ganzen Interview vum Gilles Wunsch mam HORESCA-Generalsekretär:

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen