Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tripartites-Decisiounen hëllefen dem Secteur iwwert d'Ronnen ze kommen

Horesca

Tripartites-Decisiounen hëllefen dem Secteur iwwert d'Ronnen ze kommen

Och d'Mesuren déi an der Tripartite decidéiert gi sinn, wiere keng Garantie, datt en Horesca-Betrib iwwerlieft, sou de François Koepp. Et wier awer en Accord deen d'Betriber stäipt an deen am nämmlechte Moment d'Kafkraaft stäerkt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et wier een Accord fir deen d'Patrone och misste Geld op den Dësch leeën, sou de François Koepp, mee um Enn wier et wichteg, datt déi zwou Säite gestäerkt aus de Verhandlungen eraus goen. Och der Horesca wier den Erhalt vun engem gudde Sozialsystem wichteg.

Besonnesch d'Mesuren am Beräich vun den Energiebäihëllefe wieren en effikasst Instrument fir de Betriber iwwer d'Ronnen ze hëllefen.

"Wat gutt ass ass dat effektiv d'Referenz net méi op d'Joer 2021 gemaach gëtt, mee op de Mount n minus 1 wou mer lo dra sinn, wou mer nees hallefweegs normal geschafft hunn. Ech mengen dat sinn déi Punkten wou een do positiv eraussträiche muss. Et sinn och Tauxe gehuewe ginn, d'Plaffonge si gesenkt ginn, vu wou un een eng Hëllef kritt. Also dat ass schonn e Virdeel fir déi Entreprisen déi vill Energie verbrauchen."

Aktuell Präisentwécklung gëtt duerch d'Tripartitesmesuren et ofgefiedert

An trotzdeem géifen d'Hëllefen net duergoen, fir déi aktuell Präisspréng ofzefiederen, mengt de François Koepp.

"Well et ass awer eng kräfteg Präishausse vun 100, 200, 300 Prozent, déi d'Betriber am Moment droen. Mir verhënnere just, datt et net op 600,700,800 Prozent erop geet."

Elo misst een nach ofwaarden, ob d'EU-Kommissioun d'Decisiounen och akzeptéiert. Den Horesca Generalsekretär weist sech hei awer optimistesch, schliisslech hätten och aner EU-Staaten Hëllefsprogrammer a Milliardenhéicht zougestane kritt.