Radioen

On air

Resonanzen  |  Rhapsody net nëmmen 'in blue'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Françoise Folmer hält mat Politik op

Chamberwahlen 2018

Françoise Folmer hält mat Politik op

Déi gréng ware gëschter Owend an der Abtei Neimënster fir en ausseruerdentleche Kongress zesummen, eigentlech fir de Claude Turmes als Successeur vum Staatssekretär Camille Gira ze designéieren, deen am Mee onerwaart gestuerwen ass.

auto_stories

4 min

D'Co-Presidentin Françoise Folmer sot datt dat, wat dem Camille Gira geschitt wier, si "déif getraff an zum iwwerleeë bruecht" hätt. Politik wier mat vill Asaz verbonnen. Et misst een ophalen, wann ee riskéiert de Bou ze iwwerspanen. Dowéinst géif si sech mat Effet immédiat aus der Politik zeréckzéien.

"An der Partei ass d'Stëmmung den Ament gutt an d'Motivatioun grouss - trotz deene ville Wiesselen an der Lescht. Aus all deene Grënn mengen ech, datt de Moment fir opzehale fir mech richteg gewielt ass. Och als kleng Partei hu mir vill gutt a motivéiert Leit déi bereet si mat vill Courage Verantwortung ze iwwerhuelen."

Fir d'Chamberwahlen am Oktober kandidéiert d'Françoise Folmer deemno net, an d'Partei muss bis den nächste Parteikongress den 30. Juni eng nei Spëtzekandidatin am Norden designéieren. E Spëtzekandidat, fir de verstuerwene Camille Gira ze ersetzen ass schonn designéiert: den Europadeputéierte Claude Turmes. An zanter gëschter Owend ass hien och mat grousser Majoritéit vu senger Partei designéiert fir an d'Regierung nozeréckelen, als Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère.

Just nach e puer Méint an der Regierung

Definitiv ass dat awer nach net: Um Kongress, dee kuerzfristeg nom Doud vum Camille Gira aberuff gouf, gouf de Quorum nämlech net erfëllt: 138 Delegéiert wieren néideg gewiescht, et waren der 125 do. Dowéinst muss nach eng weider parteiintern Prozedur duerchlaf ginn: eng Formsaach, déi fréistens de 14. Juni ofgeschloss ass. Dono kann de Claude Turmes vereedegt ginn.

Dem Claude Turmes bleiwen dann nach e puer Méint fir Regierungsaarbecht. A senger Ried, déi méi poséiert war wéi seng Interviewen an de leschten Deeg, wollt hie virun allem demonstréieren, datt hien am Norde verwuerzelt wier. Hien, deen déi lescht Joren haaptsächlech zu Bréissel a Stroossbuerg Politik gemaach huet. Et wier him wichteg, datt d'Nordstad méi misst zesummewuessen an och méi zesumme misst geschafft ginn.

De Sëtz am Norde verteidegen

Dem Nord-Deputéierte Gerard Anzia no hunn déi gréng sech fir de Claude Turmes decidéiert, well d'Partei hire Sëtz am Norde verteidege muss. De Sëtz wier 1994 net einfach gewiescht ze erkämpfen, 2013 wier en net einfach gewiescht ze erkämpfen, an 2018 wäert de Sëtz och net einfach sinn ze erkämpfen, mengt de Gerard Anzia, deen 2014 fir d'Christiane Wickler nogeréckelt war. Hie mécht domat däitlech, datt déi gréng d'Chamberwahle kloer am Fokus hunn.

"De Camille huet awer deene Gréngen an dem Naturschutz am Norden eng Stëmm ginn, déi bis dohin net do war. Dowéinst ass et wichteg, datt mir dat Aushängeschëld, dat de Camille war, probéieren esou gutt wéi méiglech nees an den Norden ze setzen."

Politesch Messagen am Virfeld vum Wahlkampf

De Christian Kmiotek muss d'Partei bis op d'mannst den Hierscht eleng presidéieren, éischter gëtt keng nei Co-Presidentin designéiert. De Co-President huet um Kongress mat ähnleche Wieder un de Camille Gira erënnert, wéi de leschte Samschdeg während der offizieller Gedenkzeremonie. Just, datt sech déi Kéier méi politesch Messagen dorënner gemëscht hunn, ënner anerem un den aktuelle Koalitiounspartner DP. All déi, déi der Partei géife virwerfen, se géifen "Déieren a Planze méi héich hale wéi de Mënsch, brauch ee just dem Camille seng Leeschtungen ënner d'Nues ze reiwen". Déi gemeinsam Kämpf wiere scho laang net méi "géint eppes, mä virun allem vir sou Muenches".

An no der Annonce vu Knauf keng Steewollfabrick zu Lëtzebuerg wëllen ze bauen, no ënner anerem Awänn vun déi gréng an Divergenzen tëscht déi gréng an dem Wirtschaftsminister Etienne Schneider, huet den designéierte Staatssekretär Claude Turmes dëse Message placéiert:

"Dëst Land brauch eng modern Wirtschafts- a Finanzplazpolitik. Mir musse kucken, datt mir dat zesumme maachen. Mam Carole Dieschbourg a mam Etienne Schneider musse mir kucken, datt mir och eng Plaz ginn, wou gréng Start-Uppen, Investitiounen an nei Iddie vu grénger Technologie kommen."

De klenge Koalitiounspartner ass domat véier Méint virun de Chamberwahlen erëm am Virwahlkampf ukomm. No der Demissioun vun der Françoise Folmer bleiwen allerdéngs nach weider Weiche fir de Wahlkampf ze stellen.