D'Françoise Hetto-Gaasch steet och zu hirer Entscheedung fir hiert Mandat net fäerdeg ze maachen a si geet och dovun aus, datt de Wieler Verständnis fir hir Decisioun huet. Dat wier och deen eenzege Wee wéi eng Oppositiounspartei sech kéint erneieren.
Wann een an enger Regierung wier, hätt ee vill Leit déi kéinten noréckelen; och Leit déi vläicht iwwerhaapt net gewielt gi sinn. Déi Méiglechkeet hätt een an der Oppositioun net.
Datt d'Regierung decidéiert huet, d'Corona-Reegele kuerz virun de Feierdeeg nach eemol ze verschäerfen, kann d'Françoise Hetto engersäits novollzéien, anerersäits awer och net.
"Ech kann et novollzéien, mee ech froe mech just firwat se dat net schonn d'lescht Woch gemaach hunn. Ech weess net ob se elo mëttlerweil esou vill nei Erkenntnisser iwwer deen Omikron hunn. Mee eigentlech hätt een dat do och scho kënnen d'lescht Woch maachen."