CSV-PARTEISPËTZT CSV-President: F. Engel interesséiert, S. Wilmes leet sech nach net fest

De Frank Engel ass interesséiert fir CSV-Parteipresident ze ginn. Dat confirméiert den Europa-Deputéierten de Mëtteg am 100,7-Interview. Wann hien am Januar op dëse Poste géif gewielt ginn, da wëllt hien am Mee 2019 net bei den Europa-Wahle kandidéieren. Dat wier an der haiteger Zäit fir hien net kompatibel, esou den CSV-Politiker. De Moment wier awer net virgesinn, datt de Partei-President e bezuelte Posten ass. De Serge Wilmes wollt sech iwwerdeems nach net festleeën, ob hie fir de Poste vum CSV-Parteipresident wëllt kandidéieren.

Serge Kesseler / cz

Engel-Wilmes.jpg
Frank Engel (Foto: Wikipedia)

Hien hätt Loscht fir President vun der CSV ze ginn, an hie weist sech iwwerzeegt, datt eng Neiausriichtung vu senger Partei him kéint geléngen.

D'CSV misst um nächste Wahldag erëm méi relevant sinn, "eigentlech bal onëmgänglech sinn". D'CSV misst an enger Rei Saache méi markant, méi prägnant a méi liesbar ginn. "Well ech weess, datt ganz vill Leit, och mat Sympathië fir d'CSV, sech d'Fro gestallt hunn, wat géife si dann elo wierklech sou anescht maachen, wéi déi, déi elo do sinn", sou de Frank Engel.


Fränk Engel


D'Fro, ob hien eventuell mat engem Team vu Kandidate fir d'Poste vum CSV-Generalsekretär a vun de Vize-Presidenten untrëtt, konnt de Frank Engel haut nach net eendeiteg beäntwerten.

Serge Wilmes huet sech nach net decidéiert

De Chamberdeputéierten a Stater Schäffe Serge Wilmes wollt sech iwwerdeems haut nach net festleeën, ob hien um Nationalkongress de 26. Januar 2019 Kandidat fir de Poste vum CSV-President wäert sinn. Erneierung géif net just dra bestoen, fir Käpp auszetauschen. "Dat bedeit fir mech ganz kloer, datt mir eng Equipe an e Projet mussen hunn, deen och vun de Membere gedroe gëtt. Dat ass fir mech an dësem Moment dat Allerwichtegst." Hie wéilt dofir weider mat den CSV-Memberen a Kontakt kommen an hinnen nolauschteren. "An déi Geleeënheet bitt sech och an den nächste Wochen op deene ville Kongresser, déi nach kommen. Dat ass dat, wat fir mech de Moment zielt."


Serge Wilmes


Luc Frieden a Marc Spautz ginn net Parteipresident

De fréiere Minister Luc Frieden huet eis bestätegt, datt hien net wäert Kandidat sinn, fir President vun der CSV ze ginn.

De Marc Spautz, deen zanter Ufank 2014 CSV-President ass, hat den Donneschdeg ugekënnegt, datt hien net fir e weidert Mandat wäert kandidéieren. Fir hien ass et awer wichteg, datt seng Partei e soziale Profil géif behalen, an datt et net zu engem Rietsruck bei der CSV kéim.

Méi zum Thema

Marc Spautz 2.JPG
CSV-Parteispëtzt

Hie wéilt de Posten net nach fir zwee weider Jore blockéieren, mee eng nei Equipe soll direkt kënnen ufänke fir fënnef Joer Zäit ze hu fir bis bei déi nächst Chamberwahlen Akzenter ze setzen, erkläert de Marc Spautz am 100,7-Interview.

Marc Spautz 2.JPG Exklusiv
CSV-Parteispëtzt

Wann et bei der CSV méi Kandidate fir d'Poste vum Parteipresident a vum Generalsekretär ginn, da sollen Hearingen an de véier Bezierker organiséiert ginn. Dat seet de Marc Spautz am 100,7-Interview.

Laurent Zeimet, Marc Spautz, Claude Wiseler, Martine Hansen
Chamberwahlen 2018

Bei der CSV goufen den Dënschdeg den Owend nach keng personell Entscheedungen ugekënnegt. Eréischt wann eng nei Regierung steet, géifen definitiv Personalentscheedunge geholl ginn. Dat sot de Claude Wiseler nom Nationalrot.

Serge Wilmes
Chamberwahlen 2018

De Serge Wilmes ass prett Verantwortung an der CSV ze iwwerhuelen, fir den Erneierungsprozess vun der CSV "aktiv mat an d'Hand ze huelen". D'Martine Hansen soll wëlle Fraktiounscheffin ginn.

Wiseler Spautz.jpg
Chamberwahlen 2018

Wou d'Rees hi geet, dat wëllt de Claude Wiseler dem CSV-Nationalrot den Dënschdeg den Owend soen. Dee Moment géif hien och d'Ëffentlechkeet "net nëmme prinzipiell, mee och ganz am Detail", informéieren.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen