Haut an zwee Méint decidéiert d'Cour d'Appel vun Nanzeg, ob de Frank Schneider an der OneCoin-Affär un d'USA ausgeliwwert gëtt. De Lëtzebuerger Geschäftsmann Frank Schneider war viru sechs Méint am Frankräich op Demande vun den USA festgeholl ginn. Hie kritt vun den US-Autoritéite reprochéiert Deel vun enger krimineller Associatioun gewiescht ze sinn a beim Wäisswäsche vu Sue gehollef ze hunn. OneCoin ass en internationale Finanzskandal ronderëm eng virgegaukelt Kryptowärung. De Frank Schneider a seng Firma Sandstone hu vill fir OneCoin geschafft.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Frank Schneider kritt Demande no Hausarrest accordéiert
OneCoin-Bedruchsaffär
Frank Schneider kritt Demande no Hausarrest accordéiert
De Frank Schneider muss net méi am Prisong an Untersuchungshaft bleiwen, mee dierf de Méindeg mat Foussfessel op Joudreville heem an den Hausarrest. Dat huet d'Geriicht zu Nanzeg de Moien decidéiert, esou de Pol Urbany, ee vun den Affekote vum fréiere Geheimdéngschtmataarbechter.
auto_stories
1 min