Radioen

On air

Simon Says  |  Purple Disco Machine & Bosq - Wake Up! Feat. Kaleta

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich um Wee zu enger parlamentarescher Revolutioun?

Chronik

Frankräich um Wee zu enger parlamentarescher Revolutioun?

De franséische President Emmanuel Macron huet virgëschter an de Parlamentswalen seng absolut Majoritéit verluer. Wat an de meeschte Legislativ-Walen an Europa d'Norm ass, stellt d'Regierung a Frankräich op d'Zerräissprouf. Anescht wéi zu Lëtzebuerg huet d'Assemblée Nationale kaum Erfarunge mat Koalitiounsbildungen. Frankräich misst sech u parlamentaresch Demokratien inspiréieren, mengt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.

auto_stories

3 min

Et ass e Walresultat ouni kloer Gewënner. De President Emmanuel Macron huet d'absolut Majoritéit verluer, dat lénkt Bündnis NUPES huet keng Majoritéit an d'Wieler kréien eng Assemblée Nationale, déi net ze geréieren ass.

Déi eenzeg Gewënner wier de rietsextreme Rassemblement National, déi mat 89 Sëtz en historesche Rekord opgestallt huet an déi stäerksten Oppositiounspartei am Hemicycle gëtt. Doduerch kritt den RN 10,3 Milliounen Euro staatlech Subventioune pro Joer - genuch fir de Prêt aus Russland zeréck ze bezuelen, dee bei all Elektioun zu Recht e Skandal provozéiert.

Den RN ass déi gréissten Oppositiounspartei an net d'NUPES, déi e Bündnis aus véier Parteien ass. Vun den 148 Sëtz vun der NUPES sinn 72 Deputéiert vun der France Insoumise, 12 Kommunisten, 24 Sozialisten an 23 Ekologisten - also jeeweils manner wéi déi 89 Deputéiert vum RN. D'NUPES ass net méi déi wichtegst Oppositioun, vu datt d'Memberparteie gëschter dem Jean-Luc Mélenchon seng Propos refuséiert hunn, zesummen e parlamentaresche Grupp ze forméieren. Dowéinst kann ee schwéier aschätzen, ob si an dëser Legislaturperiod an allen Dossieren zesummen halen. D'Unioun vun der Gauche: e kuerzen Dram, dee sech en Dag no der Elektioun scho kéint a Loft opgeléist hunn.

Seelen e friddlecht Mateneen

Effektiv koexistéieren d'Parteien a Frankräich seele friddlech mateneen, ma gläichen éischter monolithesche Klatzen, déi sech wéinst klengen Ënnerscheeder an d'Hoer kréien. Dat ass Deel vun der politescher Sträitkultur.

Dowéinst kann een sech schlecht virstellen, datt den Emmanuel Macron fir seng Majoritéit e Koalitiounspartner fënnt. Den Ament gëtt erwaardungsvoll op de riets-konservative Block aus Les Républicains an dem Centre Droite geluusst. Dobäi huet de President vun de Republikaner Christian Jacob gëschter widderholl, datt si an der Oppositioun bleiwen. Datt ass och logesch: all hir Deputéiert, déi mam Emmanuel Macron senger Politik kompatibel sinn, si scho gewiesselt.

De Presidial-System vun der Cinquième République ass net dofir geduecht, datt verschidde Parteie kollaboréieren. Den deemolege Premier Minister Michel Debré a President Charles de Gaule hunn d'Assemblée Nationale net als Géigestéck zum Elysée Palast konzipéiert. D'Iddi vum Generol de Gaule war genee de Géigendeel: der onproduktiver Parteipolitik vun der III.- an IV. Republique en Enn ze setzen. Vun 1870 bis 1958 huet et am Duerchschnëtt dräi Joer gedauert, fir datt d'Parlament e Gesetzesprojet adoptéiert - bei sensibele Sujete konnt dat iwwert e Joerzéngt daueren.

Et ass elo déi éischte Kéier, datt e President an der V. République d'absolut Majoritéit wäit verfeelt. Engersäits ka sech dat positiv op d'Politik auswierken. Zanter gëschter representéiert d'Assemblée National e Gefill vu politescher Ohnmuecht, déi an de leschte Joer a Frankräich nëmmen op der Strooss zum Ausdrock komm ass, zum Beispill mat der Gillet Jaune Beweegung. Den Emmanuel Macron kann elo iwwert deenen hir Problemer net méi einfach ewech kucken.

Anerersäits wäert d'Assemblée Nationale a Zukunft kaum nei Gesetzer adoptéiere kënnen, falls et zu kénger Koalitioun kënnt. Doduerch wäert d'Regierung fir nei Moossname méi Zäit brauchen, dorënner och fir d'Bekämpfung vum Klimawandel.

Den italienesche Schrëftsteller Giuseppe Tomasi di Lampedusa schreift am Roman Il Gattopardo: "Alles muss sech änneren, fir dat alles bleift, wéi et ass." Frankräich ass e Land, dat politesch éiweg an enger Noutsituatioun ass. Dat neit Parlament kéint fir d'Land e gudden Exercice ginn, vum éiwege Revolutiounsgedanke wech ze kommen, a sech fir méi Zesummenhalt ze engagéieren.