Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséisch Justiz: Avis favorable fir Ausliwwerung vum Frank Schneider un d'USA

Affär OneCoin

Franséisch Justiz: Avis favorable fir Ausliwwerung vum Frank Schneider un d'USA

De Lëtzebuerger Geschäftsmann a fréiere Geheimdéngschtmataarbechter Frank Schneider kann un d'USA ausgeliwwert ginn. Deen Avis favorable huet d'Cour d'Appel vun Nanzeg de Moien decidéiert. D'Demande vun den US-Autoritéiten am Kontext vun der OneCoin-Affär géif um Fong an an der Form de Reegelen entspriechen, esou d'Riichterin. D'Argumentatioun vun der Defense, datt dem Frank Schneider seng fundamental Rechter an den USA net garantéiert wieren, gouf vum Geriicht zréckgewisen. D'US-Autoritéiten hätten dem Geriicht zefriddestellend Garantie ginn, datt de Lëtzebuerger an den USA géif fair behandelt ginn.

auto_stories

2 min

D'Cour d'Appel Nancy

Lauschterenplay_arrow

De Frank Schneider huet d'Méiglechkeet, géint d'Decisioun vun der Cour d'Appel vun Nanzeg a Cassatioun ze goen.

OneCoin ass eng grouss internationale Finanzfraude ronderëm eng virgegaukelt Kryptowärung. De Lëtzebuerger Geschäftsmann Frank Schneider war den 29. Abrëll am Frankräich op Demande vun den USA festgeholl ginn. An den USA kritt hie virgeheit, Deel vun enger krimineller Associatioun gewiescht ze sinn a beim Wäisswäsche vu Sue gehollef ze hunn.

Avocat Général: Net un der franséischer Justiz fir sech an US-Enquête anzemëschen

D'Plädoirië waren am November 2021. De Philippe Renzi, Avocat Général beim Geriicht vun Nanzeg, hat a sengem Requisitoire eng Ausliwwerung gefrot. D'Demande vun den USA géif d'Krittären erfëllen. Et wier net un der franséischer Justiz fir sech an den Detail vun der US-Enquête anzemëschen. An et wier och net un der franséischer Justiz fir ze kommentéieren, wisou Lëtzebuerg net freet, datt de Frank Schneider op Lëtzebuerg ausgeliwwert gëtt. Et wier kloer, datt d'Lëtzebuerger keng Enquête wéilte maachen. De Lëtzebuerger Parquet hat op Nofro hi gesot, et géif ee keng Opportunitéit fir eng zousätzlech Enquête zu Lëtzebuerg gesinn, well d'USA schonn eng grouss Enquête opgemaach hätten.

D'Entscheedung läit elo bei der franséischer Regierung

D'Defense hat géint eng Ausliwwerung plädéiert. Den amerikanesche Justizsystem wier "vampirisant, horrible et attroce", hat de Maître Emmanuel Marsigny, Affekot vum Frank Schneider, viru Geriicht gesot.

Um Enn läit d'Exekutioun vun der Extraditioun bei der franséischer Regierung.