Den Ament fuere keng franséisch Maschiniste méi um Lëtzebuerger Zuchreseau. Si géife just nach bis op Diddenuewen a Lonkech fueren an do vu Lëtzebuerger Maschinisten ofgeléist ginn. Dat huet déi franséisch Eisebunnsgesellschaft SNCF dem radio 100,7 confirméiert.
Déi franséisch Gewerkschaft CFDT hat den Accord tëscht Personalvertrieder an SNCF virdrun ëffentlech gemaach. D'Decisioun gouf an engem Communiqué domat begrënnt, datt d'Ursaache vum Zuchacczident nach net gekläert wieren. "No engem Acczident wéi deem zu Diddeleng, verlaangen d'Personalvertrieder Sécherheetsgarantien a si wëlle sécher sinn, datt si an aller Sécherheet um Lëtzebuerger Zuchreseau fuere kënnen", esou den SNCF-Spriecher David Dupin.
Ënnerschiddlech Rhetorik
Wéi laang soll déi Decisioun gëllen? D'Äntwert op déi Fro fält bei der SNCF an der CFDT net d'selwecht aus. D'Gewerkschaft schreift vun enger "reprise éventuelle des circulations" fréistens no enger neier Reunioun vum Sécherheetscomité CHSCT. Informatioune vu wort.lu no ass déi nächst Reunioun de Méindeg, den 20. Februar.
Eegenen Aussoen no wëll d'CFDT do oppassen, wéi eng Sécherheetsgarantië geliwwert ginn. D'SNCF dréckt sech méi optimistesch aus: "Mir sinn iwwerzeegt, datt wann d'CFL d'Zuchstreck tëscht Beetebuerg an der franséischer Grenz nees opmécht, datt dann all d'Sécherheetsgarantië virleien, an dann deele mir de Personalvertrieder am CHSCT dat mat, fir d'Zich nees fueren ze loossen", esou den David Dupin. Den aktuellsten Informatiounen no, soll d'Streck bis op d'mannst de Sonndeg gespaart bleiwen.
Datt déi franséisch Eisebunn op déi Manéier op d'Zuchaccident reagéiert, ass enttäuschend" an "net dat richtegt Signal", esou d'Mylène Bianchi vun der Eisebunns-Gewerkschaft Syprolux géigeniwwer dem radio 100,7.
De 14. Februar waren zu Diddeleng e Gidderzuch aus Richtung Frankräich an e Lëtzebuerger Persounenzuch anenee gerannt. De Maschinist vum Persounenzuch ass ëm d'Liewe komm, weider Persoune goufe blesséiert. Et ass offiziell confirméiert, datt de Persounenzuch duerch e Stop-Signal gefuer ass. Weider Erklärunge feelen nach.