"Et kann een d'Resultater vum éischten Tour net ewech wëschen", sou den Alex Bodry. Déi politesch Landschaft a Frankräich wier amgaang sech dauerhaft ze veränneren ("net am gudde Sënn"). Wéi an aneren EU-Staaten och géifen hei sozial Mëssstänn (héije Chômage, ëmmer méi grouss Ënnerscheeder tëschent Aarm a Räich, Onsécherheetsgefill) den Ausschlag ginn. Wieler géifen dem Front national hir Stëmm allerdéngs net méi nëmmen aus Protest ginn, mee ëmmer méi och aus Iwwerzeegung. Des Wieler verdäiwelen, wéi och de Parti socialiste dat gemaach hätt, géif awer näischt bréngen.
Dem Alex Bodry no misst ee sech "mat den Ängschten, mat de Frustratiounen, mat de Gedanke vun de Leit ausenanersetzen, et muss ee se sachlech konteren, soen, datt déi einfach Léisungen, déi proposéiert ginn, keng Léisunge fir Frankräich sinn". Grouss Versprieche vun etabléierte Parteien, sou wéi se vun engem François Hollande oder Nicolas Sarkozy gemaach goufen, wieren net ze halen. "D'Leit loosse sech dat net méi gefalen", sou de Lëtzebuerger Sozialist.
Fro vun der Sécherheet legitim, mee "uerdentlech Léisungen" néideg
De Virworf, datt déi traditionell "droite" à Frankräich Theme vum Front national opgegraff hätt, relativéiert den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler. Et wier "evident, datt een haut muss, sou wéi d'Welt ass, déi Froe vu Sécherheet ugoen. Et wier irresponsabel et net ze maachen". Allerdéngs misst een "déi uerdentlech Léisungen hunn". Dat géif och fir d'Sozialpolitik gëllen.
Déi franséisch Politik wier des weideren net méi credibel, fënnt de Claude Wiseler. Partisan Streidereien hätten déi franséisch Politik an de leschte Joere vun Themen ewéi Sécherheet a soziale Froen ofgelenkt. Kaméidi tëschent Spëtzepolitiker, déi sech bannent de Parteien zerfleesche fir als Presidentschaftskandidate weiderzekommen, dierft et an Zukunft net méi ginn.
Parteien a Wahlsystem mussen änneren
An den Ae vum Alex Bodry misst sech d'Parteielandschaft a Frankräich nei opstellen. Ewech vum Bipartismus a méi a Richtung vu Koalitiounen tëschent Parteie mat gemeinsamen Interessien. Dofir wier och eng Reform vum Wahlsystem néideg. Sengersäits fënnt de Claude Wiseler et, aus enger demokratescher Logik eraus, "net normal, datt eng Partei wéi de Front national nëmmen zwee Sëtz an der Assemblée nationale huet".
D'Taktik vum Parti socialiste fir de Front national ze konteren huet den LSAP-Politiker Bodry gelueft. Mat Ausnam vum Jean-Pierre Masseret (Alsace-Champagne-Ardennes-Lorraine) hu sech sozialdemokratesch Kandidaten, déi am éischten Tour als Drëtt gewielt goufen, zugonschte vum besser plazéierte mëtt-rietse Kandidat zréckgezunn. Ee "Sacrifice", sou den Alex Bodry, well de PS an deene Regiounen op gewielte Vertrieder fir déi nächst sechs Joer verzicht.
Den CSV-Politiker Wiseler huet vun engem "grousse Geste" vum PS geschwat. D'Analyse vum rietsen Oppositiouns-Chef Nicolas Sarkozy, am zweeten Tour weder de Front national nach de Parti socialiste z'ënnerstëtzen, wier falsch gewiescht. Déi "republikanesch Solidaritéit ass logesch an normal, mee déi zwou Parteie mussen awer och oppassen, datt se hir Ecken, hir Kanten, hire Programm hunn", sou de Claude Wiseler.
De Claude Wiseler an den Alex Bodry waren Invitéë beim Mick Entringer: