Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Kjetil Mulelid - A Prayer for Peace (feat. Signe Emmeluth & Trygve Seim)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franz Fayot: Begrëff "Aarbechterpartei" kann een "a Fro stellen"

LSAP

Franz Fayot: Begrëff "Aarbechterpartei" kann een "a Fro stellen"

De Franz Fayot ka sech virstellen den Numm vu senger Partei ze änneren. Den LSAP-President seet et wier derwäert driwwer ze diskutéieren, ob d'Partei weiderhi "Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei" soll heeschen.

auto_stories

3 min

De Franz Fayot ass zanter e puer Méint Parteipresident vun der LSAP

Et géif ëmmer manner "klassesch Industrieaarbechter" ginn, esou de Franz Fayot. Dofir misst ee sech d'Fro stellen, ob een net op en aneren Numm iwwergeet, dee "méi inklusiv ass, fir all d'Gesellschaftssparten".

Wéi eng Zukunft fir de Sozialdialog?

Op déi aktuell Entwécklungen an der Stolindustrie ugeschwat, wollt de Franz Fayot sech net festleeën, ob d'Regierung e neien Tripartite-Accord mat de Gewerkschaften an ArcelorMittal soll aushandelen. Et wier ëmmer gutt fir e sozialen Dialog mat de Gewerkschaften ze hunn an hie mengt, datt et "kee Feeler" wier, fir "do eng Kéier eng Ronn ze dréinen", esou den LSAP-Parteipresident. Wéi eng Form dëse Sozialdialog sollt hunn, dorobber wollt de Franz Fayot awer net äntweren.

Den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch d'lescht Woch no enger Chamberkommissioun gesot, ArcelorMittal wéilt an de nächste fënnef Joer eng 260 Aarbechtsplazen op de Sitten zu Déifferdeng an zu Belval ofbauen. Gläichzäiteg huet den Dan Kersch sech géint eng nei Stol-Tripartite ausgeschwat: D'Tripartite wier e Kriseninstrument, esou den Aarbechtsminister. Am Stolsecteur géif et awer kéng Kris ginn.

D'LSAP aus der Kris féieren

Den LSAP-President Franz Fayot hat sech bei den Europawahlen e bessert Resultat fir seng Partei erwaart. D'LSAP krut bei den Europawahlen e bësse méi wéi 12 Prozent vun de Stëmmen. D'Partei hätt sech domat op dem zimlech niddregen Niveau vun 2014 kënne consolidéieren, esou de Franz Fayot. Et wier elo d'Aufgab vun der neier Parteileedung, fir aus dësem "negativen Trend" erauszekommen:

"Am Januar sinn ech meng Presidence mat der neier Parteileedung ugetrueden. Mir hunn déi Pisten opgezeechent, déi mir an de nächste Jore musse verfollegen. Mee zanterhier ass net esou vill Zäit an d'Land gezunn, dofir mengen ech, datt et och d'Erkenntnis ass an der Partei, bei de Militanten, datt een der neier Equip do muss eng Chance loossen, fir hire Programm elo mol ëmzesetzen."

Als Parteipresident hätt hien den Usproch, datt d'LSAP bei de Gemengen- a Chamberwahlen nees "däitlech zouleet". Wéi vill Prozent hien ustrieft, wollt de Franz Fayot awer net soen. Hie wéit awer "däitlech zouleeën" par Rapport zu de Wahle vu virdrun.

Dës Diskussioune géifen et awer och am Ausland ginn, "notamment an Däitschland, wou ee gesäit, datt d'SPD, an där hirem Sog mer jo ëmmer e bësse sinn als Lëtzebuerger Sozialisten, och scho zanter längerer Zäit net méi déi al Scoren hikritt. An dohier kënnt déi méi breet Fro, ob d'Volleksparteien, also d'Sozialisten, mee och déi Chrëschtlechsozial nach zu deenen ale Stäerkten zeréckkommen."