Fred Keup (Nee2015): "Et soll een net zevill radikal sinn"

De Fred Keup seet sech iwwerrascht, dass d’Resultat vum Verfassungsreferendum sou kloer ass. Dat wär ee Beweis dofir, dass si déi politesch Mëtt wären. Hie wéilt awer selwer keng Partei an d'Liewe ruffen.
De Grënner vun der Initiativ Nee2015.lu huet sech am 100,7-Interview kloer fir een Opmaache vum Nationalitéitsgesetz a fir eng besser Integratioun ausgeschwat. De Message vum Vote wär, dass déi Leit sollen däerfe wielen, déi och d’Sprooch beherrschen. Dofir sollt een eng positiv Campagne maachen. D’Zäit, déi ee Bierger am Land misst wunne fir kënnen d'Nationalitéit unzehuelen, kéint dann och méi kuerz sinn.
De Fred Keup huet kritiséiert, dass de Referendum net richteg virbereet ginn wier a kee laangfristegen Zenario ausgeschafft gi wär. Dat passiivt Wahlrecht wär dem Nee2015 no eng logesch Suite vum aktive Wahlrecht gewiescht.