Radioen

On air

Espresso Beats  |  Kraak & Smaak - Ready For Ya Feat. Otis Kane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Robert Goebbels ass neie President

Freeport Lëtzebuerg

Robert Goebbels ass neie President

De Freeport um Findel kritt mam fréieren LSAP-Minister Robert Goebbels fir d'zweet bannent engem Joer en neie President. Wéi wäit d'Sich no engem Repreneur viru komm ass, wollten d'Membere vum Verwaltungsrot net präziséieren.

auto_stories

4 min

V.r.n.l.: Den Alphonse Berns, den David Arendt, de Robert Goebbels an de Philippe Dauvergne.

Eisen Informatiounen no huet de Freeport zejoert ugefaang no engem Repreneur ze sichen. Ob aktuell Verhandlungen mat engem spezifesche Keefer lafen, wollt de Robert Goebbels op Nofro hinn net präziséieren. Wann an den nächste Méint éierens ee Repreneur géif fonnt ginn, géifen d'Aktionären dat matdeelen, sou den neie President vum Verwaltungsrot.

2015 hätt de Freeport ronn 1,6 Milliounen Euro Pertë gemaach, huet et op Nofro hinn geheescht. ​De Projet wier jonk a géif sech elo besser entwéckelen, huet de Robert Goebbels betount. Hie stéing op alle Fall hannert dem Projet: "Dës Fräihandelszone ass een total legale Bäitrag zur Diversifikatioun vun der Wirtschaft. Alles ass transparent an et gi keng Magouillen."

Imageschued wéinst ​Justiz-Affären

De Robert Goebbels iwwerhëllt de Posten un der Spëtzt vum Freeport vum Olivier Thomas. De franséische Co-Aktionnär ass an eng Justiz-Affär verwéckelt wéinst dem presuméierte Verkaf vu geklaute Picasso-Biller.

Virun engem Joer war de Schwäizer Haaptaktionär vum Freeport Yves Bouvier sengersäits schonn als President zréck getrueden. Och hien ass an eng Justiz-Affär am Beräich Konschthandel verwéckelt. Den Yves Bouvier wier ee respektable Mann, soulaang net de Géigendeel bewise wier, sou dem Robert Goebbels säi Verweis op d'Présomption d'innocence.

Béid Aktionäre bleiwe Member am Verwaltungsrot. Neie Member ass de Philippe Dauvergne. De fréiere Beamte hätt sech bei der franséischer Douane laang ëm de Beräich vun der Wirtschaftskriminalitéit gekëmmert, heescht et am Communiqué vum Freeport. De fréieren héiche Beamten am Finanzminister Alphonse Berns bleift Member vum Verwaltungsrot. Direkter bleift den David Arendt.

​D'Roll vum Staat

D'Freeport-Gesellschaft lount den Terrain, op deem hiert Gebai steet, beim Staat. D'Regierung misst bei engem Changement vum Actionnariat hiren Accord ginn. Iwwer déi sougenannt "Bouvier-Affär" hätt d'Regierung schonn zejoert Informatioune vum Schwäizer Geschäftsmann gefuerdert, sou de Robert Goebbels: "An et schéngt wéi wann déi akzeptéiert gi wieren".

Am Freeport kënne Clienten zënter 2014 wäertvoll Géigestänn deposéieren. Bei Transaktioune bannent der Fräihandelszone gëtt keng TVA erhuewen.