Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Freeport sicht Repreneur

Wirtschaft

Freeport sicht Repreneur

De Freeport Lëtzebuerg sicht no engem Repreneur. 100,7-Informatiounen no lafe Gespréicher mat Acteuren aus der Branche vum Konschthandel, mee och aus anere Branchen. Fir d'Fräihandelszon um Findel soll e weideren Imageschued verhënnert ginn, esou eng gutt informéiert Source. Zwee Aktionäre vum Freeport sinn a Justiz-Affäre verwéckelt: Den Haaptaktionär Yves Bouvier, grad wéi den Olivier Thomas, Mat-Aktionär a President vum Freeport.

auto_stories

3 min

Ouverture vun der Fräihandelszon de 17. September 2014 (©Freeport Luxembourg)

Bouvier inculpéiert, Thomas "témoin assisté"

Réischt gëschter huet e Geriicht zu Monaco decidéiert, dass den Yves Bouvier sech effektiv engem Prozess wéinst Bedruch a Blanchiment muss stellen. Dat huet de Procureur Genéral vu Monaco, de Jacques Doremieux dem radio 100,7 op Nofro hi confirméiert. De Bouvier hat d'Annulatioun vun der Prozedur gefrot, dës Demande gouf awer zréck gewisen. Hannergrond ass d'Plainte vun engem russeschen Oligarch, fir deen de Bouvier Konschtwierker kaf huet.

Wéinst senger Inculpatioun an dëser Affär ass de Schwäizer Konschthändler am Abrëll als President vum Freeport Lëtzebuerg zréck getrueden. De Co-Aktionär Olivier Thomas huet de Posten iwwerholl. Hien war awer kuerz drop selwer an Untersuchungshaft wéint enger presuméierter Fraude a Verbindung mat engem Bild vum Picasso. D'lescht Woch huet de Paräisser Parquet decidéiert, dass den Olivier Thomas an dëser Affär bis op Weideres de Statut vum "témoin assisté" huet. Hie kann domadder net wéi een einfachen Zeie gehéiert ginn, mee et leien net genuch Elementer fir eng Inculpatioun vir.

Staat muss engem Verkaf zoustëmmen

Fir de Freeport gëtt eisen Informatiounen no schonn zënter e puer Méint e Repreneur gesicht. Zwou bis dräi Pistë ginn den Ament suivéiert, esou eng Source. Et géif iwwerdeems vum Keefer ofhänken, ob déi aner Freeport-Aktivitéite vum Bouvier (zu Genève an zu Singapur) mat verkaf ginn. Den Yves Bouvier war net fir eng Reaktioun z'erreechen.

D'Gebai vum Freeport steet op engem Terrain vum Fluchhafen-Bedreiwer Luxairport a gehéiert deemno indirekt dem Staat. Am Finanzministère huet et op Nofro hi geheescht: Wann et effektiv ee Kandidat fir Repreneur géif ginn, da misst een dee Moment kucken, ob deen d'Konditiounen erfëllt fir déi aktuell Aktivitéite weider ze féieren, sou wéi se am Bail festgehal sinn.

Anti-Blanchiment an Image-Suergen

De Freeport Lëtzebuerg, deen am September 2014 seng Dieren opgemaach huet, ass eng Fräihandelszon an där steierlech Avantagë fir den Handel mat Konschtwierker an anere wäertvolle Géigestänn gëllen. De Freeport bitt dofir héich geséchert Lagerméiglechkeeten.

Am Juni 2015 huet d'Chamber méi strikt Anti-Geldwäsch-Bestëmmunge fir de Freeport decidéiert. Notamment muss elo d'Identitéit vun de Clientë gepréift a fir d'Autoritéiten accessibel sinn.

D'Ports Francs S.A. vu Genève - bei där de Bouvier minoritären Aktionär, mee ee wichtege Locataire vu Lagerraum ass - huet sech dës Woch op enger Pressekonferenz virsiichteg vun him distanzéiert. De Bouvier hätt an der Fräihandelszone vu Genève keen decisiven Afloss, heescht et an der Presentatioun. Et géif een elo op de Verdikt vun de Riichtere waarden - a sou laang géif natierlech d'Présomption d'innocence gëllen.