Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Syl Johnson - Don't Do It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Friddensverhandlungen zu Lëtzebuerg?

Aarbechtsvisite an Israel

Friddensverhandlungen zu Lëtzebuerg?

De Xavier Bettel ass op Aarbechtsvisite an Israel. Et ass déi éischt Visite vun engem Lëtzebuerger Premier am Noen Osten. Anescht wéi erhofft kritt d'Delegatioun keng Wirtschafts-Rezepter mat heem. Op diplomateschem Niveau schéngen déi zwee Premiere sech awer ze verstoen.

auto_stories

3 min

De Xavier Bettel an de Benjamin Netanjahu

Ginn deemnächst Friddensverhandlungen iwwer den Noen Osten zu Lëtzebuerg organiséiert? Déi Iddi steet op jidde Fall am Raum: Op enger gemeinsamer Pressekonferenz zu Jerusalem sot den israelesche Premier Benjamin Netanjahu um Méindeg, de Xavier Bettel hätt hien op Lëtzebuerg invitéiert.

Hien hätt och gesot, datt d'Palestinenser vläicht géife kommen. "Ob zu Moskau oder Lëtzebuerg oder iergendwou anescht, Israel ass ëmmer oppe fir Verhandlungen ouni Virbedéngungen", sou de Benjamin Netanjahu. De Premier Xavier Bettel huet präziséiert, Lëtzebuerg hätt keng nei Friddens-Initiativ lancéiert. Lëtzebuerg wier awer ëmmer bereet ze hëllefen.

"D'Egos-Trippe sinn eriwwer"

Op d'Fro, ob net den Ausseminister Jean Asselborn sech éischter fir esou Diskussiounen géing zoustänneg fillen, seet de Xavier Bettel: "D'Egos-Trippen an dëser Regierung sinn eriwwer!" Hie wier invitéiert ginn, esou de Premier. Et géing keen engem aneren op d'Plates-banden trëppelen. Wann et sollt zu Diskussioune kommen, géif de Jean Asselborn an éischter Linn stoen.

D'Behaaptung vum Benjamin Netanjahu e Freideg, datt et wéi eng ethnesch Säuberung wier, datt d'Palestinenser keng Judden am Westjordanland géingen zouloossen, mécht Friddensgespréicher am Moment net méi einfach. De Xavier Bettel sot, hien hätt dem israelesche Premier ze verstoe ginn, datt hie mat där Ausso net averstane wier. Lëtzebuerg ass nach ëmmer fir d'zwee-Staate-Léisung. De Benjamin Netanjahu hätt mam Xavier Bettel an deem Kontext iwwer e méiglechen Echange vun Terraine geschwat.

Reportage vum François Aulner 12.09.2016play_arrow

Wirtschaftech Relatiounen Isreal-Lëtzebuerg

Déi wirtschaftlech Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an Israel sinn net vu gëschter. Viru sechs Joer gouf de Lëtzebuerger Handels- an Investitiouns-Bureau an Israel gegrënnt. Eng Initiativ vum deemolegen sozialistesche Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. Eng gutt Initiativ seet den Direkter vum Bureau, den Itai Horstock.

Den Itai Horstock ass Direkter vum Lëtzebuerger Handels- an Investitiouns-Bureau

De Jeannot Krecké hätt him deemools gesot, zu Lëtzebuerg géif een einfacht Geld mat de Banke maachen. Hien hätt awer och gesot, datt dat éiweg wäert weider goen. Virun allem no 2008. D'Regierung hätt vill an High-Tech Infrastruktur investéiert. Déi richteg Mentalitéit géif awer nach feelen, sou den Itai Horstock. Duerch d'Strategie wiere vill Projeten entstanen. Op d'mannst dräi israelesch Firme géifen elo hir europäesch Siègen zu Lëtzebuerg opmaachen.

Keng Rezepter, awer Rotschléi

De Xavier Bettel an d'Wirtschaftsdelegatioun hu JVP (Jerusalem Venture Partners) besicht. JVP ass ee sougenannten Incubateur. D'lëtzebuerger Regierung schwäermt vun deem Entrepreneur-Geescht. Zil vun der Visite war et, d'Rezept fir de Succès vu JVP ze kréien. "Dat Rezept gi mir net hir", laacht ee vun de Managing partners vu JVP, de Gadi Tirosch. Hien huet awer puer Tippe mat op de Wee ginn: Lëtzebuerg wier kleng, a misst dovunner profitéieren.

De Gadi Tirosch wëll d'Rezept net hierginn

"Wann s du ee klengt Land bass, da muss du direkt iwwerleeën, wéi deng Firma vum éischten Dag u global gëtt. An dat ass wat mir hei an Israel maachen. Mir verkafen net am lokale Marché. Mir maache Firmen, déi am globale Marché verkafen."

Dat kéint Lëtzebuerg och. An d’Land sollt sech op ee Beräich konzentréieren, an deem d’Land staark ass, sou de Gadi Tirosch. An Israel géing d’Militär eng interessant Demande duerstellen. Zu Lëtzebuerg wier den Equivalent d'Finanzplanz.

Reportage vum François Aulner 11.09.2016play_arrow