Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frustratioun bei den EU-Kandidaten aus dem Westbalkan

EU-ERWEIDERUNG

Frustratioun bei den EU-Kandidaten aus dem Westbalkan

D'EU steet kuerz virdrun, der Ukrain a Moldawien offiziell de Kandidatestatus fir an d'EU ze ginn. Datt et an de Verhandlunge mat de Länner vum Westbalkan net viru geet, suergt fir Onzefriddenheet op där Säit.

auto_stories

4 min

D'Europäesch Kommissioun recommandéiert an hirem Avis, souwuel Moldawien ewéi och der Ukrain de Status vun engem EU-Kandidat ze ginn. Et gëllt als zimmlech sécher, datt sech déi 27 EU-Länner deem Avis op hirem EU-Sommet uschléissen.

EU weist Eenheet bei Ukrain a Moldawien

"Ech deelen déi Konklusioun vun der Kommissioun", sot zu Bréissel de Premier Xavier Bettel "Dowéinst fält et mer haut net schwéier, dat am Numm vu Lëtzebuerg hei kënne mat ze ënnerstëtzen." E Blockage wier keng Stärstonn fir Europa gewiescht. Et wieren an de leschten Deeg ganz vill Gespréicher gelaf, an deenen Iwwerzeegungsaarbecht geleescht gouf.

Déi Länner, déi de Kandidatestatus kréien, missten elo och hir Responsabilitéiten ze huelen. D'EU géif kee Blankoscheck ausschreiwen. "D'Ukrain a Moldawien kréien elo Hausaufgaben an déi missten och gemaach ginn", sou de Lëtzebuerger Premier.

"E schwéiere Réckschlag fir d'Glafwierdegkeet vun der EU"

Net zefridde sinn d'Leaderen aus de Balkanlänner nees heemgefuer. No hirer Reunioun en Donneschdeg de Moie mat den EU-Staats- a Regierungscheffen hu si kee Blat virun de Mond geholl.

"Wat hei geschitt, ass ee schwéiere Réckschlag fir d'Glafwierdegkeet vun der EU", sot de Premier vu Nordmazedonien, den Dimitar Kovačevski no der Reunioun op enger Pressekonferenz. D'EU hätt scho virun zwee Joer decidéiert, mat de Bäitrëttsverhandlungen unzefänken, an awer wier dat bis haut net geschitt. Weder Nordmazedonien nach Albanien kéinte weider an där Situatioun blockéiert bleiwen, wéinst engem eenzege Land, wat hei weider Oppositioun mécht.

Gemengt ass domat Bulgarien, wat sech zanter Joren dogéint stäipt, datt mat de Gespréicher mat Nordmazedonien ugefaange gëtt.

Datt dee Bäitrëtts-Prozess laangwiereg ass, weist effektiv d'Beispill Nordmazedonien. D'Land hat 2004 eng Demande gemaach, fir an d'EU ze kommen, ee Joer dono gouf et als EU-Kandidat ugeholl. Et huet dunn awer 14 Joer gedauert ier decidéiert gouf, offiziell mat de Bäitrëttsverhandlungen unzefänken. Dat ass allerdéngs bis haut net geschitt, well d'éischt Griicheland an dono Bulgarien aus verschiddene Grënn blockéiert hunn. Well d'EU déi zwee Dossieren zesumme behandele wëll ass och Albanien vun deem bulgaresche Veto betraff. D'Land ass zanter aacht Joer EU-Kandidat.

Och den albanesche Premier Edi Rama hat en Donneschdeg de Moien däitlech Wierder fonnt.

"Et ass eng Schan, datt een Nato-Land, nämlech Bulgarien, zwee aner Nato-Länner, nämlech Albanien an Nordmazedonien matten an engem Krich virun den Diere vun der EU kidnappt andeems 26 aner Länner just nokucken an hir Impotenz weisen."

Xavier Bettel: "Et ass Unanimitéit gefrot"

Et wier ee Faite, "datt hei Unanimitéit gefrot ass" sot dozou de Premier Xavier Bettel. An: "Bulgarien huet kee proppert Spill gespillt".

D'Leadere vun Albanien, Serbien a Nord-Mazedonien haten domat gedreet guer net op Bréissel ze kommen. Well et Beweegung a Bulgarien gouf, hu si sech schliisslech anescht decidéiert. Nodeems allerdéngs e Mëttwoch den Owend d'Regierung vum bulgareschen Nach-Premier Kiril Petkov duerch ee Mësstrauensvott am Parlament gestierzt gouf, ass et elo onsécher, ob d'Land seng Positioun tatsächlech ännert.

Vun EU-Säit gouf d'Pressekonferenz nom Sommet mat de Westbalkan-Länner kuerzfristeg ofgesot. Et géif weider un enger akzeptabeler Léisung geschafft, fir déi bilateral Problemer tëscht Bulgarien a Nordmazedonien, sou eng EU-Source en Donneschdeg zu Bréissel. Déi Europäesch Perspektiv fir de Westbalkan wier op der Reunioun ganz kloer op en Neits ënnerstrach ginn.

D'Ukrain wier als EU-Kandidat wëllkomm. Och dat hat den albanesche Premier Edi Rama betount, allerdéngs géif hien hoffen, datt sech déi ukrainesch Bierger do net allze vill Illusioune maachen.