Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fuel Dumping

Cargolux

Fuel Dumping

D'Cargolux huet 50 Tonne Kerosin iwwer Rheinland-Pfalz an dem Saarland aus hiren Tanken musse loossen. De Lëtzebuerger Nohaltegkeetsministère schwätzt vun enger Urgencë-Situatioun. Zu Lëtzebuerg ass dat illegal.

auto_stories

2 min

Foto: Cargolux / van Biesen

D'Cargolux huet haut confirméiert, datt de 4. November eng Boeing 747 mat technesche Problemer, 50 Tonne Kerosin iwwer Rheinland-Pfalz an dem Saarland aus hiren Tanken huet musse loossen.

D'Maschinn war ënnerwee vu Lëtzebuerg a Malaysia. Fir erëm sécher um Findel kënnen ze landen, gouf de Fuel Dumping oder op däitsch den Treibstoffschnellablass gemaach.

Just e klengen Impakt

Maximal aacht Prozent vum Fligerbensin erreechen de Buedem, wann d'Konditioune fir esou Fäll agehale ginn, esou déi däitsch Lufthansa an hirem Ëmwelt-ABC:

Auszuch aus dem Ëmwelt-ABC vun der Lufthansa

De Lëtzebuerger Nohaltegkeetsministère schwätzt vun enger Urgencë-Situatioun, déi mat der däitscher Fluch-Sécherung koordinéiert gi wier. D'Cargolux-Boeing wier héich genuch gewiescht, fir datt déi 50 Tonne Fligerbensin - Zitat - nëmme "peu d'impact au sol" gehat hätten.

D'Quantitéit vum Kerosin, déi um Buedem ukënnt, léich bei e puer Dausendstel Gramm pro Quadratmeter, hat et am August geheescht, an der Äntwert vun den zoustännege Ministere François Bausch a Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro zum Thema. D'Konsequenze fir d'Ëmwelt hänke vun der Héicht vum Fliger of, vun der Vitesse a vun de Wiederkonditiounen.

Ze schwéier fir ze landen

A Rheinland-Pfalz war et de 4. November schonn den aachte Fall fir dëst Joer vu Fuel Dumping. De Cargolux-Generaldirekter Richard Forson erkläert, datt et fir de Fliger ze schwéier gewiescht wier, fir ze landen.

Bei der Cargolux wier Fuel Dumping ganz rar, duerchschnëttlech manner wéi eemol d'Joer weltwäit misst dat gemaach ginn, esou de Finanzdirekter Maxim Straus. Et wier eppes wat ee finanziell natierlech net gären hätt. D'Leit, déi do wunnen, hätten dat och net gären.

Héije Käschtepunkt

De gesamte Käschtepunkt vum Manöver de 4. November iwwert Rheinland-Pfalz kéint héich sinn, huet de Finanzdirekter virgerechent. De Präis fir eng Tonn Kerosin géing de Moment bei 600 bis 650 Dollar leien. Am ganzen géing een also vun enger Zomm ëm 30.000 bis 35.000 Dollar schwätzen.

Zousätzlech hätt dëst en Impakt op de gesamte Reseau. De Fliger misst da kontrolléiert ginn. Insgesamt kéim ee séier bei eng Gesamtzomm vun 50.000 bis 100.000 Dollar.

Fuel Dumping hei am Land wier komplett verbueden, esou den Nohaltegkeetsministère op Nofro hin.


Bäitrag vum Serge Kesseler:

Lauschterenplay_arrow