Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Skeleton Is Walking

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fuerderung no Ersatzgehalt fir Independante vum Dësch

Wirtschaft

Fuerderung no Ersatzgehalt fir Independante vum Dësch

D'Fuerderung no engem Ersatz-Gehalt fir Selbststänneger wier wéinst den "aktuelle Staatshëllefen" hifälleg, esou d'Ministère fir Aarbecht a Mëttelstand den Dënschdeg de Moien an engem gemeinsame Communiqué. Et wier een zefridden, datt d'UEL d'Aide coûts non couverts ënner anerem als eng Ëmsetzung vun der Fuerderung no engem Ersazgehalt géif ugesinn, heescht et. Dowéinst géif d'Fuerderung vun der Handwierker-Federatioun no engem Ersatz-Gehalt fir Selbststänneger sech eriwwregen.

auto_stories

1 min

D'Annonce vum Minister Lex Delles fir d'Adaptatioune vun den Hëllefe fir d'Betriber géifen d'Situatioun vum Independant fir de Januar verbesseren, a si wieren "eng ganz gutt Basis" fir een eventuellen zukünftege Lockdown, esou de Michel Reckinger den Dënschdeg Mëtteg an enger éischter Reaktioun. De Patronatsdaachverband UEL an d'Handwierker-Federatioun géifen déi Adaptatioune begréissen.

Dem President vu béide Verbänn Michel Reckinger no, géif d'Gronddiskussioun iwwer de Statut vum Independant an der Gesellschaft awer am Kader vu méi groussen Diskussioune "post-Covid" aktuell bleiwen.

D'Chamber muss déi erweidert Hëllefen nach stëmmen

Den UEL-President Michel Reckinger sot schonn e Méindeg op der Antenn vum radio 100,7 , datt déi ugepassten Hëllefe fir Betriber, wéi de Mëttelstandsminister Lex Delles se de Méindeg presentéiert huet, géifen "an déi richteg Richtung goen", an dat géif och "vill Drock" aus der Diskussioun ronderëm een Ersatzgehalt fir Independanten eraus huelen. Wéinst der verstäerkter "Aide non couverts" géif et keng Urgence am Dossier ginn, hat de Lex Delles gëschter op Nofro gesot.

Déi erweidert Hëllefe fir Entreprisë mussen nach vun der Chamber gestëmmt ginn. Een Ersazgehalt fir Selbststänneger hat de Vize-Premier an Aarbechtsminister Dan Kersch de leschten Donneschdeg ugekënnegt. An den Deeg duerno gouf et Sträit iwwer d'Finanzéierung dovun.