E Réckfall an eng Austeritéitspolitik hei am Land géifen OGBL a Landesverband net acceptéieren, esou d'Nora Back. Wann néideg, da soll eng progressiv Corona-Steier fir déi iewescht 10 Prozent agefouert ginn.
Gewarnt huet d'Gewerkschaftspresidentin virun enger privater Kommerzialiséierung vun der Gesondheet a virun enger "sozialer Katastroph" wéinst den héije Logementspräisser.
Wann de Patron Liberty Steel net kéint retten, da misst den Tabu vun der Nationaliséierung vum Galvaniséierungs-Wierk zu Diddeleng gebrach ginn, esou d'Nora Back um Dag vun der Aarbecht.
LCGB fuerdert Tripartite
Um éischten Mee huet den President vum LCGB, de Patrick Dury, zwou Prioritéiten a senger Ried an de Mëttelpunkt gesat: de Schutz vun der Gesondheet an d'Ofséchere vun den Existenze vun de Salariéen.
De chrëschtleche Gewerkschaftsbond fuerdert d'Aberuffe vun enger nationaler Tripartite, mat engem État des lieux vun der aktueller ekonomescher a sozialer Situatioun an den eenzele Secteure vun der Ekonomie. D'Tripartite misst och d'Relance vun der Ekonomie virbereeden.
Spezifesch fir d'Salariéen aus dem Horeca-Secteur misst de Chômage partiel weider bestoe bleiwen, bis datt d'Ekonomie sech erholl huet. Weider war et d'Fuerderung d'Kafkraaft vun de Leit ze stäerken. Den LCGB fuerdert weider d'Erhéijung vum Mindestloun, dee gekoppelt mam Crédit d'impôts, substantiell iwwer d'Aarmutsgrenz muss gehuewe ginn.
Ganz kritesch war den Patrick Dury iwwer déi vill Stierffäll an den Altersstrukturen. Hie fuerdert, datt d'Leit just nach vun Mataarbechter betreit ginn, déi geimpft sinn. Et dierft ee sech do net hanner dem Dateschutz verstoppen a kloer fuerderen, datt d'Haiser an Zukunft wëssen, wie vum Personal geimpft gouf.
Am Spidols- a Fleegesecteur huet den LCGB eng aner Politik gefuerdert fir dem Manktem u Personal entgéintzewierken.