D'Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg Raphaël Kies a Mohamed Hamdi hu festgestallt, datt et besonnesch héich Risike wéinst der Konzentratioun vun de Besëtzer vun de Medien an der Konzentratioun bei den Online-Plattforme gëtt.
Verbesserten Informatiouns-Zougank néideg
An hire Conclusioune stellen d'Fuerscher fest, datt et verschidde Méiglechkeete fir Verbesserungen an der nationaler Medielandschaft ginn.
Dozou gehéiert zum Beispill de verbesserten Informatiouns-Zougank fir Journalisten, Reegele fir eng gerecht Verdeelung vun den indirekte staatleche Subsiden an eng verbessert Offer bei RTL a radio 100,7 fir sproochlech Minoritéiten. Donieft recommandéieren d'Fuerscher d'Schafe vun engem nationalen Zenter fir Fakten ze iwwerpréiwen: e Schrack géint Desinformatioun an de Lëtzebuerger Medien, esou de Fuerscher Mohamed Hamdi.
"Et sinn elo an der Zäit vu Corona, waren immens vill falsch Noriichten haaptsächlech online. Par conter dierf een do och net de Risiko agoen, op eng willkürlech Aart a Weis ze decidéiere wat richteg a wat falsch ass, dat heescht do gëtt et e Risiko wat de Faktencheck ugeet."
Et wier awer wichteg fir d'Medien, doriwwer z'informéiere wat falsch a wat wouer ass.
Immens héich Konzentratioun
Wat d'Risike fir de Medie-Pluralismus ugeet, wier déi "immens héich Konzentratioun zu Lëtzebuerg" e vun de Problemer. Dat géif sech duerch d'Gréisst vu Lëtzebuerg a vum Marché erklären: "Et gëtt natierlech manner Leit zu Lëtzebuerg, déi consomméieren, och manner Publicitairen, déi hei investéiere kënnen."
Hei am Land géifen et vill Medie ginn, déi awer nëmme wéinege Medienhaiser gehéieren, esou de Fuerscher, deen dëst Beispill nennt.
"RTL huet e Quasi-Monopol wat d'Radioslandschaft ugeet, huet e volle Monopol wat d'Télé ugeet, wann een elo vun Nordliicht-TV an Uelzechtkanal ofgesäit. An dann ass RTL och den Haaptplayer wat d'Online-Press ugeet. Do gëtt et eng immens staark Konzentratioun."
E Gesetz géint d'Konzentratioun am Medie-Beräich géif et awer net ginn, stellt de Mohamed Hamdi fest. D'Kontroll-Autoritéit ALIA hätt iwwerdeems net all déi Kompetenzen, déi si sollt hunn.
D'Pressefräiheet an de Mediepluralismus an Europa wieren an de leschte Jore generell erof gaangen, esou de Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg. D'Zil vun de Lännerberichter vun den EU-Member- a Kandidatestaate wier et, ze moosse wéi d'Situatioun sech entwéckelt a fir Verbesserungen ze erreechen.
Note vun der Redaktioun: De Mohamed Hamdi ass fräie Mataarbechter an de Raphaël Kies Member vum Verwaltungsrot vum radio 100,7.