Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sich no der Fuite

Geheimdéngscht

Sich no der Fuite

De Parquet enquêtéiert, well d'Informatioun iwwer eng illegal SREL-Ecoute public ginn ass. An déi parlamentaresch Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun wëll vum Gast Gibéryen (ADR) wëssen, firwat hie fréi vun der Ecoute wousst.

auto_stories

3 min

Den 18. Mäerz hat d'Tageblatt gemellt, datt de SREL eng net autoriséiert Iwwerwaachung duerchgefouert hätt. Am Geheimdéngscht schéngt et elo de Verdacht ze ginn, datt déi Informatioun aus den eegene Reien no bausse gedroe ginn ass.

Plainte géint X

D'SREL-Direktesch Doris Woltz huet de Parquet den 23. Mäerz aviséiert, wéinst engem eventuelle Verstouss géint d'Beruffsgeheimnis duerch X. Dës Informatioun huet d'Justizspriecherin eis op Nofro hi confirméiert. Et wier keng Plainte gemaach ginn, well dat ee perséinleche Schued vum Plaignant géif viraussetzen.

Obwuel d'Justiz an dëser Affär saiséiert ass, huet och d'Chamberkontrollkommissioun wëlles sech parallel mat eenzelen Detailer ronderëm dëse Leak ze beschäftegen.

Invitatioun vu Kontrollkommissioun

Déi véier Membere vun der Kommissioun, d'Fraktiounscheffe vun CSV, DP, LSAP an déi gréng, hu fir de 6. Abrëll de Gast Gibéryen invitéiert, fir sech zum Thema vun der illegaler Ecoute z'äusseren. Dat huet den ADR-Deputéierten eis op Nofro hi confirméiert.

Hannergrond ass, datt de Gast Gibéryen iwwer déi illegal Ecoute Bescheed wousst, éier d'Tageblatt doriwwer bericht huet.

Gast Gibéryen informéiert Premier

Den 22. Mäerz stoung déi illegal Ecoute op der Dagesuerdnung vun der parlamentarescher Institutiounekommissioun. Bei der Reunioun war de Premier präsent, fir Explikatiounen zum Tëschefall ze ginn. Während där Reunioun huet de Gast Gibéryen eegenen Aussoen no erwähnt, datt et sengen Informatiounen no am Geheimdéngscht eng gréisser Reunioun gouf, fir doriwwer ze beroden, wéi ee mat der illegaler Ecoute sollt ëmgoen.

No der Reunioun hätt hien dem Premier och nach gesot, datt hie méi fréi wéi d'Press iwwer déi illegal Ecoute informéiert gouf.

Premier informéiert SREL-Direktesch

De Gast Gibéryen seet, de Premier hätt hie méi spéit am Dag nach emol kontaktéiert a gesot, hie géif déi Informatioun un d'SREL-Direktesch weider ginn, fir datt déi eng Plainte kéint maachen. De Xavier Bettel hätt och gefrot, ob de Gast Gibéryen kéint soen, vu wiem hien informéiert gouf. Mä hien hätt decidéiert keng Nimm ze nennen, sou den ADR-Deputéierten.

Den 31. Mäerz hätt hien dunn de Bréif vun der SREL-Kontrollkommissioun kritt, déi hien zu dësem Thema elo wéilt héieren.

André Kemmer ass ADR-Member

Kloer ass, datt de Gast Gibéryen Kontakt zu engem fréiere Geheimdéngschtmataarbechter huet. Op Nofro hi confirméiert hien, datt hie sech rezent mam André Kemmer getraff huet. Den André Kemmer ass ee vun de fréiere SREL-Mataarbechter, déi an d'Geheimdéngschtaffär verwéckelt waren, déi 2013 zu engem fréizäitegen Enn vun der CSV-LSAP-Regierung gefouert hat.

Den ADR-Deputéierte seet awer, datt den André Kemmer him keng Informatiounen aus dem Geheimdéngscht ginn hätt. Den André Kemmer wier ADR-Member a géif iwwerleeën, fir zu Schëffleng eng Lëscht fir d'Gemengewahlen opzestellen. Hie géif dat ënnerstëtzen, esou de Gast Gibéryen.

Eng Fro vum Timing

De Gast Gibéryen seet, hien hätt schonn "zwou bis dräi Woche" virum Artikel am Tageblatt vun der illegaler Ecoute gewosst.

Dat wier deemno op d'mannst eng Woch éier d'Chamberkontrollkommissioun den 10. Mäerz vum Tëschefall informéiert gouf. Vum Staatsministère heescht et, datt ee vum SREL informéiert gouf, soubal intern bekannt war, datt eng net autoriséiert Ecoute duerchgefouert gouf. Wéini genee dat war, wëll de Staatsministère op Nofro hin net präziséieren.

Enquête wéinst illegaler Ecoute

Och wéinst der illegaler Ecoute selwer enquêtéiert d'Justiz. De Parquet hat den 23. Mäerz annoncéiert, datt e sech an dëser Affär saiséiert hätt.

D'SREL-Direktesch, de Staatsminister an d'Kontrollkommissioun hu keng Denonciatioun beim Parquet gemaach, wat vun der Oppositioun an der Chamber schaarf kritiséiert ginn ass. Och den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet d'Verhale vun de politesch Responsabele kritiséiert - obwuel hie selwer fréi am Bild war.