Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fussball WM: "Frankräich ass klore Favorit"

Fussball

Fussball WM: "Frankräich ass klore Favorit"

An der Halleffinall géint England hätt Kroatien verdéngt gewonnen, seet de Lëtzebuerger Fussballprofi an -Nationalspiller Chris Philipps. Hien ass awer och der Meenung, datt Kroatien net staark genuch wier, fir e Sonndeg an der Finall géint Frankräich ze gewannen.

auto_stories

2 min

Hien hätt de Fransouse scho virum Tournoi Grousses zougetraut, wär sech just net sécher gewiescht, ob si wéinst hirem jonken Duerchschnëttsalter dës Kéier scho prett wieren.

De Kroaten traut de Chris Philipps den Titel héchstens zou, am Fall wou d'Finall an d'Verlängerung géif goen - do hätte si Virdeeler wéinst der mentaler Stäerkt, déi si elo schonn e puer Mol ënner Beweis gestallt hätten.

De Lëtzebuerger Profi, dee jo a Polen bei Legia Warschau spillt, gleeft awer net, datt et e Sonndeg zu enger Verlängerung kënnt.

Verdéngt Victoire vu Kroatien géint England

D'Englänner hätten an der Halleffinall géint Kroatien nom 1-0 direkt am Ufank méi missten op den zweete Gol goen, sou d'Analys vum Chris Philipps. England hätt probéiert no der fréizäiteger Féierung de Match ze "verwalten", mee dee Risiko wier net opgaangen.

Nom 1-1 an der 68. Minutt an duerno an der Verlängerung, wier Kroatien déi besser Equipe gewiescht. D'Kroaten hätten um Enn verdéngt gewonnen.

Vu Metz op Warschau: "Net vill Regreten"

Virun engem hallwe Joer ass de Chris Philipps vum FC Metz bei Legia Warschau gewiesselt. Mat deem Transfert huet hien am Fong alles richteg gemaach: Hien huet mat senger neier Equipe direkt d'Championnat an d'Coupe a Polen gewonnen. Dofir hätt hien och nëmme wéineg Regreten, datt hie sech beim FC Metz ni richteg duerchsetze konnt.