Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Taylor Eigsti - Bucket of F's (feat. Ben Wendel)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ganz Berlin hasst die AfD!"

Bundestagswahl 2017

"Ganz Berlin hasst die AfD!"

D'Bundestagswahl huet mat der AfD ee grousse Gewënner. Zu Berlin sinn awer honnerte Leit géint déi rietsextrem Partei op d'Strooss gaangen. D'SPD ass hirersäits nach ënnert den Déifpunkt vun 2009 gerutscht a frënnt sech elo mat der Oppositiounsroll un.

auto_stories

4 min

"AfD, Faschistenpack, wir haben euch zum Kotzen satt", "Nazi-Schweine" an "Nie wieder Deutschland". Dat si just e puer vun de sëlleche Parolen, déi jonk an al um Alexanderplatz géint d'Alternative für Deutschland geruff hunn. Et war eng Mëschung aus Roserei, Schock an Enttäuschung, déi ze spiere war.

All wollte si weisen, datt et eng Géigestëmm zu der AfD géif ginn. Eng Stëmm géint den "De-Erfolleg" vun der Partei, seet eng jonk Fra. D'Zil wier et engem anere Bierger no, "datt all déi Lénk zesummekommen an ee Géigeprojet entwéckelen."

Thillmann, 18 Joer, Eischtwieler

Den Thillmann, 18 Joer, ass gëschter fir d'éischte Kéier wiele gaangen. Hien hat sech fir d'Demonstratioun ee Schëld un de Kapp gebonnen, wat mat ausgestrecktem Mëttelfanger a Richtung Traffik Club gewisen huet. Do hunn d'Vertrieder vun der Alternative für Deutschland hire Wahlerfolleg gefeiert. "Et ass eng Uso un d'AfD", seet hien. Doriwwer, datt ee keng Loscht méi op si huet."

"Mir wäerte se joen"

D'AfD zitt mat ronn 13 Prozent vun de Stëmmen als drëttstäerkst Kraaft an de Bundestag. Den AfD Spëtzekandidat Alexander Gauland huet ugekënnegt, datt déi nei Bundesregierung sech "waarm undoe" kann. "Mir wäerte se joen", huet hie geruff. "A mir wäerten eis eist Land an eist Vollek erëmhuelen".

Géint esou Aussoen a géint dat, fir dat d'AfD steet, misst ee sech wieren, mengt de Matthias. Dee 35-Jährege schafft am Musée fir zäitgenëssesch Konscht zu Berlin. Hie geet dovun aus, datt d'AfD am Bundestag eng "Destruktiounspolitik" wäert maachen.

"Datt si einfach ëmmer fundamental alles kritiséieren. An, datt keng sënnvoll Kommunikatioun mat der Partei méiglech wäert sinn. Ech hoffen, datt si dat politescht Klima net weider vergëften. Dat wat mir grad héieren hu vum Gauland 'mir wäerten d'Merkel joen', dat ass ganz kloer Nazi-Rhetorik. Dat ass absolut fierchterlech an absolut ofzelehnen. An ech fäerten, datt dat eng Rhetorik ass, déi elo wäert am Bundestag sinn."

Matthias, 35 Joer

Onzefriddenheet an Angscht

Wéi konnt et dozou kommen, datt eng riets-extrem Partei mat engem zweestellege Wahlresultat an de Bundestag kënnt? Onzefriddenheet bei de Wieler, ass eng Äntwert, déi ee bei den Demonstranten dacks héieren huet. D'Partei hätt awer och mat den Ängschte vu Leit gespillt, déi veronséchert sinn, mengt de Matthias.

"A probéiert domat - leider ganz erfollegräich - Wahlkampf ze maachen. Andeems si viru Flüchtlingen, an allem wat friem ass, Angscht maachen. Wat natierlech Blödsinn ass, mä wat einfach ouni Ëmwee iwwert d'Gehir direkt an de Mo vun de Leit getraff ass. Dat ass mengen ech de Problem."

SPD an d'Oppositioun

Nieft der AfD wäert och d'SPD d'Oppositiounsbänk drécken. An dat aus eegene Stécker. Dem Martin Schulz seng Partei huet nämlech mat knapp 21 Prozent gëschter dat schlechtst Resultat zënter 2009 agefuer. Deemools loung d'SPD ënnert dem Spëtzekandidat Frank-Walter Steinmeier bei 23 Prozent.

D'Defaite vun de Sozialiste war gëschter um sechs Auer am Willy-Brandt-Haus, wéi déi éischt Prognosë bekannt goufen, och ze héieren. D'Enttäuschung war grouss. De Martin Schulz huet a senger Ried awer no vir gekuckt.

"Dës Partei huet vill batter Stonnen erlieft. Dat (hei) ass eng an der Geschicht vun eiser Partei. Mä nach ëmmer huet déi däitsch Sozialdemokratie, virun allem un Deeg, un deenen d'Extremriets hir Grimace an dësem Land weist, d'Kraaft opbruecht, d'Demokratie ze verdeedegen an ze protegéieren. Si weider auszebauen. Dat ass eis Aufgab an där wäerte mir eis widmen."

Dat gesäit och de Gerhard esou. De 66-jähregen SPD-Member war um Wahlowend am Willy-Brandt-Haus dobäi. Hie seet sech "hoffnungsvoll, datt eng nei Etapp vun der Politik et wäert erlaben, méi staark ze weisen, datt op Nostalgie op nationalem Plang zréckgräife keng Äntwert fir d'Zukunft ass. Ech mengen, datt d'SPD dat an der Oppositioun nach méi staark ka vertrieden."

Gerhard, 66, SPD-Member

"D'Zil vun all de Parteie muss et sinn, d'AfD ze schwächen. An dofir ze suergen, datt et bei nächste Wahlen net dozou komme kann, datt d'AfD zweestelleg bleift. An de Problem Extremismus z'analyséieren an ze léisen", seet de Luka.

Dat wat de jonken SPD-Supporter vun den etabléierte Parteie fuerdert, hu ronn dausend Berliner gëschter Owend schonn demonstréiert: Nämlech, mat den eegenen Iwwerzeegungen, déi riets-extrem vun der AfD z'iwwertéinen.

Et koum iwwregens och an aneren däitsche Groussstied zu Anti-AfD-Demonstratiounen. Och zu Köln, München, Hamburg an Düsseldorf si Leit zu spéider Stonn nach op d'Strooss gaangen.