De Bob Bertemes gouf am Kugelstoussen de sechsten an huet dobäi mat sengem Worf nach en neie Landesrekord opgestallt. "Et war gewosst, datt e puer gutt Leeschtungen zu Berlin méiglech wieren", seet d'Marion Diehl, technesch Direktesch vun der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun."Et war awer eng wëllkomm Iwwerraschung, datt de Bob Bertemes grad bei dësem Wettkampf dat Resultat gemaach huet: Him ass um Héichpunkt vun der Saison déi bescht Leeschtung gelongen", notéiert d'Marion Diehl.
De Bob Bertemes war als 12. an de Ranking eragaangen - koum als sechsten eraus: "Dat hu mir net all Dag" - seet d'Marion Diehl. D'Federatioun ass virun allem och zefridden iwwer dem Charline Mathias seng Qualifikatioun fir d'Halleffinallen op den 800 Meter. "Deemno wéi d'Course verlaf wier, wier do nach e bessert Resultat méiglech gewiescht", dovunner ass d'Marion Diehl iwwerzeegt.
Déi Lëtzebuerger Athlete ware virun engem fënnef-käppegen Team encadréiert. "Et ass fir déi zwou Säiten eng wichteg Erfarung", seet d'Marion Diehl. D'Ziel wier et an Zukunft weiderhin e gudden Encadrement ze assuréieren.
D'Sophie Morang am Gespréich mat der Marion Diehl: