"Garantie fir Erneierung" oder "Schnapsiddi"?

Soll een d’Mandat fir Regierungsmemberen op 10 Joer um Stéck begrenzen? Dat ass eng vun den 3 Froen nächste Sonndeg beim Referendum. Am Kader vun eiser Dossier-Serie (den éischten Deel fannt Dir hei) virum Referendum geet et haut ëm d’Limitatioun vum Mandat fir Regierungsmemberen op zéng Joer um Stéck. Soll et eng Limite ginn oder net? Am Christian Welter sengem Dossier vum Dag komme fréier Ministere grad wéi aktuell Regierungsmemberen an Deputéiert ze Wuert, dorënner den LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider, de fréieren LSAP-Minister Robert Goebbels, déi fréier CSV-Ministerin Marie-Josée Jacobs an den DP-Minister Claude Meisch:

 

Aner Argumenter fir oder géint d'Begrenzung vun de Ministermandater dréien ëm de Wielerwëllen an ëm déi international Erfahrung vu lëtzebuerger Politiker:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen