Radioen

On air

Kultur um 5  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gaston Reinesch: Weider Zënsschrëtt si probabel

Europäesch Leetzëns

Gaston Reinesch: Weider Zënsschrëtt si probabel

Wéinst der héijer Inflatioun klammen och d'Zënsen elo ganz séier. D'Europäesch Zentralbank huet hir wichtegst Zënstauxe gëscht ëm 0,75 Prozentpunkten ugehuewen. Am Juli ware se schonn ëm 0,5 Prozentpunkte geklommen.

auto_stories

2 min

De Gaston Reinesch ass Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank. Foto: Archiv

De ganzen Interview mam Gaston Reinesch lauschterenplay_arrow


Kreditter wäerten dowéinst an enger Gréisstenuerdnung vun 1,25 Prozentpunkte klammen. D'Situatioun ass ganz komplex, warnt de Lëtzebuerger Zentralbankchef Gaston Reinesch.

"Ee kloert Signal vun Determinatioun"

Mat där stäerkster Zënshausse op ee Coup huet d'EZB der Inflatioun de Kampf ugesot. D'Präisdeirecht läit den neie Previsiounen no dëst Joer bei 8,1 Prozent, d'nächst Joer nach bei héije 5,5 Prozent, an 2024 eréischt bei 2,3 Prozent, wat nach ëmmer iwwer dem EZB-Zil vun 2 Prozent läit.

Well d'Inflatioun esou héich ass, hätt ee missten eng staark Entscheedung huelen, seet de Gaston Reinesch am 100,7-Interview. Et misst een "e kloert Signal vun Determinatioun setze fir d'Inflatioun à moyen terme ënner Kontroll ze kréien."

Weider Zënsschrëtt: eng Héich Probabilitéit

Domat ass och kloer: Et wäerte weider Zënshausse kommen. De Gaston Reinesch seet, dëst Joer géifen et nach zwou geldpolitesch Sitzunge vun der EZB ginn: eng Enn Oktober, an eng Mëtt Dezember.

"D'Probabilitéit ass ganz héich, datt an deene Sitzunge weider Zënsschrëtt wäerten ënnerholl ginn, an dat och vläicht iwwer dëst Joer eraus."

Domat gëtt d'Demande ofgebremst, fir de Präisdrock ze reduzéieren. Dofir rechent d'EZB fir déi nächst sechs Méint mat enger ekonomesch Stagnatioun. Souguer eng Rezessioun, also e wirtschaftleche Réckgank, wier net auszeschléissen.

Cibléiert Mesuren

Un déi 19 Eurolänner, dorënner Lëtzebuerg, huet d'EZB gëscht den Appell gemaach, just cibléiert an temporär Mesuren ze huelen. De Gaston Reinesch ënnersträicht, datt Mesurë besonnesch fir déi Leit a Betriber, déi am Meeschte betraff sinn, komme mussen.

D'Mesurë sollen temporär sinn, mee och d'EZB weess net, wéi laang se solle gëllen, seet de Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank. Wichteg wier et do ze hëllefen, wou et néideg ass, et sollen also keng "Gießkannen-Konjonkturprogrammer" kommen.

Enn Oktober wäert de Gaston Reinesch da mat den aneren Zentralbank-Gouverneuren zesummekomme fir iwwer méiglech weider Zënsschrëtt ze decidéieren.