Nieft der Finanzplaz mat deemnächst aacht chinesesche Banken an dräi Prozent vun den Investmentfongen aus China gëtt un enger Zesummenaarbecht am Weltraumberäich geschafft. China géif an deem Beräich op der Uni Lëtzebuerg en eegene Fuerschungslabo opmaachen.
Et géif deene meeschte Firmen, déi op Lëtzebuerg kommen, dorëms goen, fir eng Plattform fir Europa unzegoen, esou de Mikkel Strørup. "Mir hunn e super 'Human capital', mir hu gutt Leit hei, déi schwätzen alleguerte véier bis fënnef Sproochen, dorënner och ëmmer méi Chinesesch. Mir hunn eng Plattform déi interessant ass als "Gateway to Europe". Lëtzebuerg ass an der Mëtt, politesch an och d'Infrastrukture si prett fir Crossborder", esou de Mikkel Strørup.
An Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, et geet e Lëtzebuerger Konfuzius-Institut op. Et géif ee mat Course fir déi chinesesch Sproch ze léieren a mat kulturelle Coursen ufänken, dëst awer eréischt am September. Chinalux géif gäre mat hinnen zesumme schaffen, an et géif een och zesumme kulturell Evenementer maachen. Och a China géif et kee groussen Ënnerscheed tëscht Kultur a Business ginn, esou de Mikkel Strørup weider.