Radioen

On air

De Moien  |  The Libertines - Night Of The Hunter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gefor fir de Mediepluralismus?

L'Essentiel Radio

Gefor fir de Mediepluralismus?

Mëtt Februar soll zu Lëtzebuerg en neie franséisch-sproochege Radiosender op Antenn goen – eng Première. L'Essentiel Radio, deen déi fréier Frequenz vum DNR 107,7 soll iwwerhuelen, war keng einfach Gebuert. Mëtt November hat de Premier a Medieminister Xavier Bettel bei der Medienautoritéit ALIA en zousätzlechen Avis ugefrot. Dat well en zousätzlechen Aktionär sollt mat an de Projet eraklammen, deen ugangs net virgesi war. Ee Partner, den elo schonn e groussen Deel vun der Lëtzebuerger Radiolandschaft kontrolléiert: CLT-Ufa, d'Mammenhaus vun RTL.

Christiane Kleer, md

auto_stories

5 min

Fir de Premier a Medieminister Xavier Bettel géif de Projet  kloer Virdeeler bréngen, net nëmme fir d'Vilfalt vun der Lëtzebuerger Medielandschaft. Als éischte franséisch-sproochege Sender wier L'Essentiel Radio "eng grouss Beräicherung fir eis alleguerten", sou de Xavier Bettel de 7. Januar um traditionelle Neijooschpatt fir d'Press. "Iwwert dee Wee ginn déi vill Frontaliere méi no un déi lëtzebuergesch Aktualitéit eru gefouert, an dat stäerkt och d'Kohäsioun an eiser Gesellschaft."

Eng Garantie fir de Pluralismus, sou wéi d'Mediegesetz vun 1991 en definéiert? Dat schéngt net vun Ufank u kloer gewiescht ze sinn. Den 23. November d'lescht Joer hat de Xavier Bettel bei der "Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel" (ALIA) een zousätzlechen Avis ugefrot. Eréischt am Mee 2015 hat d'ALIA gréng Luucht fir de Projet "l'Essentiel Radio" gi gehat. Datt de Minister e weideren Avis freet, wier sou am Gesetz eigentlech net virgesinn, sou den ALIA-President Thierry Hoscheit. An deem heite Fall hätt et sech awer imposéiert, wéinst der "Entrée vun deem neie Partner, wat ka considéréiert ginn als grouss Modifikatioun vum originaire Projet".

D'Virgeschicht vu L'Essentiel Radio

Radiolux S.A., d'Gesellschaft déi hannert L'Essentiel Radio stécht, sollt ugangs eng Joint venture ginn tëschent:

- Edita (Verleër vun der Gratiszeitung L'Essentiel, dat aus dem Schwäizer Haus Tamedia an Editpress, dem Mammenhaus vun Tageblatt a Le Jeudi, besteet), a

- Must FM (Regionalsender, kontrolléiert vun dräi belschen Aktionären).

RTL2, en éischte franséisch-sproochege Projet, deen RTL a Saint-Paul (Lëtzebuerger Wort) zesumme wollte lancéieren, war 2014 vun der ALIA verworf ginn. Argument:  de Pluralismus, eng vun de Missioune vun der nei gegrënnter ALIA, géif domat a Gefor bruecht ginn. Deemools sot den Thierry Hoscheit bei eis op der Antenn: "Dee Projet ass an eisen Ae contraire zu deem Objectif gewiescht duerch, engersäits, d'Präsenz vun CLT-Ufa, déi schonn eng Rei aner Radiosender hunn. An anerersäits duerch d'Kombinatioun tëschent Radio a Lëtzebuerger Wort, wat fir eis och e Soucis opgeworf huet".

Den Ënnerscheed mam neie Projet L'Essentiel Radio, bei deem d'CLT-Ufa 25% vun de Parten iwwerhëlt? Bei RTL2 hätt RTL eng operativ Roll gespillt, dat heescht de Contenu an d'Ausriichtung mat decidéiert, sou den Thierry Hoscheit. An enger "50/50 Constellatioun" hätt RTL ee "staarkt Wuert" do mat ze schwätze gehat.

Recommandatioune fir den Afloss vun RTL ze limitéieren

An hirem neien Avis iwwert de Projet mam Aktionär CLT-Ufa recommandéiert d'ALIA, datt all Kapitalerhéijung ganz strikt kontrolléiert soll ginn. RTL sollt keng Responsabilitéit am alldeegleche Geschäft kréien. Fir d'Onofhängegkeet vum neie Radio ze garantéieren sollt dee mat sengen eegene Mëttele schaffen.

Déi Recommandatioune géifen him entgéint kommen, seet den "administrateur-délégué" an Direkter vu L'Essentiel Emmanuel Fleig. Edita an déi beslch Partner sollte schonn den Toun bei der Radiolux S.A. uginn. Iwwert d'Bedeelegung vun RTL wier een ugangs skeptesch gewiescht. Eng gewëssen Angscht géif bleiwen. "Bleift d'Positioun vun RTL sou wéi se ass? Datt dat goe ka weist d'Beispill vun Editpress, dat 25% vun Eldoradio huet an awer keen Afloss op de redaktionnelle Contenu hëlt".

Mee och bei Eldoradio hat RTL Group kleng ugefaang. D'Medienhaus um Kierchbierg kontrolléiert an Tëschenzäit 75% vun de Parten. Tamedia, Co-Aktionär vu L'Essentiel, hat sech doheem an der Schwäiz scho viru Joere vun alle Radio-a Fernsehprogrammer getrennt. An der Schwäiz ass d'Situatioun allerdéngs eng aner, d'Mediegesetzer erlaben den ëffentlech-rechtlechen audiovisuelle Medien eng dominant Positioun anzehuelen. Tamedia seet sech jiddefalls gewëllt, sech laangfristeg am "vill verspriechende" Projet Radiolux z'engagéieren.

Angscht virum Konkurrent? Huel e mat an d'Boot!

Wéi koum et  iwwerhaapt dozou, datt RTL mat an d'Boot geklommen ass? Aus Angscht, datt RTL säin däitsche Programm op der Frequenz 93,3 an e franséische kéint ëmwandelen, sou den Emmanuel Fleig. "D'Press hat deemools ënnerstrach, datt en zweete franséisch-sproochege Radio am Grand-Duché wirtschaftlech net kéint iwwerliewen. Mir haten zwou Méiglechkeeten: Entweder eise Projet iwwerschaffen an d'Käschten erof setzen, oder eise Projet opginn." Mat RTL wier ee sech deemno op eng "konstruktiv Léisung", ee "modus vivendi" eens ginn.

Am Avis vun der ALIA heescht et dogéint, datt déi Angscht virun engem franséischen RTL 93,3 onbegrënnt wier. An der Concessioun wier ausdrécklech e Programm an däitscher Sproch virgesinn.

Mëtt Februar wëll L'Essentiel Radio op 107,7 ufänke mat senden. Vun de regionale Frequenze vum fréieren DNR (Grupp Saint-Paul) bleiwen der den Ament nach zwou fräi, déi drëtt ass jo un de Radio Ara gaang. Chef d'Antenne soll iwwregens de jonke Julien Pinon ginn, deen eng zolitt Erfahrung beim Radio huet, ënnert anerem bei RTL. Ob et dee Julien Pinon ass, deen op verschidden Online-Medien als mam  RTL2-Projet vun RTL a Wort a Verbindung bruecht gëtt, géif hien net wëssen, sot eis den Emmanuel Fleig op Nofro hinn.

Lauschtert de Bäitrag vum Christiane Kleer: