De Parquet huet matgedeelt, datt elo awer eng Enquête lancéiert gouf an der Affär ëm eng illegal Ecoute beim SREL:
"Le Parquet de Luxembourg communique que le mardi 21 mars 2017 une information judiciaire a été ouverte sur base des détails parus dans la presse relatifs à une écoute effectuée par le Service de Renseignement de l’Etat (SRE) qui aurait été continuée malgré l’expiration de l’autorisation requise par la loi.
L'instruction est en cours et pour l'instant il n’y a pas d'autres éléments à communiquer."
De Parquet hat nach Ufank der Woch op Nofro hi gesot, et géif fir den Ament keng Enquête opgemaach ginn, well a priori keng Infraktioun z'erkenne wier.
Kritik vun der Oppositioun
Den 18. Mäerz hat d'Tageblatt gemellt, datt de Geheimdéngscht d'Kommunikatioun vun enger Persoun méi laang wéi autoriséiert ofgelauschtert huet. De Staatsministère hat déi Informatioun doropshi confirméiert an erkläert, et hätt sech ëm ee reng administrative Feeler gehandelt.
No enger Entrevue den 22. Mäerz mam Premier hunn d'Deputéiert vun CSV, ADR an déi Lénk kritiséiert, datt de Fall hätt misse beim Parquet denoncéiert ginn. De Xavier Bettel huet der parlamentarescher Institutiounekommissioun awer confirméiert, datt hien net Wëlles hätt, dat ze maachen. De Premier argumentéiert, et wier e reng administrative Feeler geschitt. Och den DP-Fraktiounschef Eugène Berger sot, fir seng Partei wier d'Affär klasséiert.