Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Kontrollkommissioun ass sech hirer Responsabilitéit bewosst"

Geheimdéngschtreform

"D'Kontrollkommissioun ass sech hirer Responsabilitéit bewosst"

Mat politeschem Wëllen a méi Kontrollmechanismen wëll een de SREL am Grëff halen. Mee d'Informatiounsflicht vum Direkter géigeniwwer der Chamber kéint am Reformprojet entschäerft ginn.

Pia Oppel

auto_stories

5 min

V.l.n.r.: Serge Ubrany, Claude Weber, Claude Wiseler, Eugène Berger.

Als eng parallel Geheimpolice, déi illegal an illegitim virgaang ass, huet de Procureur General Robert Biever de Service de Renseignement am Juni 2013 hei op der Antenn bezeechent. Eng 30 verschidden Dysfunktionnementer goufen an der Geheimdéngscht-Affär opgedeckt, dorënner illegal Archiven, Enregistrementer, Iwwerwaachungen an Operatiounen. 

Fir den DP-Fraktiounschef Eugène Berger ginn et e puer Erklärunge fir d'Problemer, déi opgedeckt goufen: Keng Kontroll, kee klore juristesche Kader a keng Transparenz. Mat der Geheimdéngschtreform géifen déi Schwaachpunkte behuewe ginn, sou de Rapporter vum Gesetzprojet 6675.

Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler bleift bei enger vaguer Ausso zu den Ursaache vun der Affär, déi d'Enn vum Jean-Claude Juncker senger Regierungszäit bedeit huet: "Vläicht war den Text net präzis genuch." Lo kréichen d'Kontrollinstanze besser Méiglechkeeten sech en Iwwerbléck ze schafen, "dat huet wahrscheinlech gefehlt".

E Geheimdéngscht ass kaum ze kontrolléieren, seet de lénken Deputéierte Serge Urbany, besonnesch wéinst  der Zesummenaarbecht mat Déngschter aus anere Länner.

Proaktiv Informatiounsflicht?

De Geheimdéngschtdirekter soll sech strofbar maachen, wann en d’Chamber net vu sech aus iwwer Mëssstänn informéiert. Dat war eng zentral Neierung, déi d’Chamber no der SREL-Affär gefuerdert huet. Lo kéint déi Dispositioun aus dem Gesetzprojet gestrach ginn: Den Eugène Berger proposéiert de Staatsrot hei a senger Argumentatioun ze suivéieren: "Och wann ech dat net mat grousser Begeeschterung maachen". Wann den Direkter sech net u seng Informatiounsflicht géif halen, kéint een grad wéi fir all anere Beamten eng Disziplinarprozedur lancéieren.

De Claude Wiseler gesäit nach Diskussiounsbedarf. D'Kontrollkommissioun misst hir Aarbecht effektiv kënne maachen. Et misst een Informatioune kréien, och ouni dono ze froen. Fir de Recht dréit d'CSV de Projet a senger aktueller Versioun gréisstendeels mat. D'Reform wier "net perfekt", sou de Claude Wiseler, mee "eng grouss Verbesserung".

Ouni eng penal Responsabiliséierung vum Direkter, hätt d'Chamberkontroll manner Zänn, bedauert sengersäits de Serge Urbany. D'Argument vum Staatsrot, datt een d'Direktere vun enger Verwaltung net dierft ënnerschiddlech behandelen, léisst hien net gëllen: Hei géif et ëm den Direkter vun engem besonnesche Service goen.

Mënscherechtlech wier et effektiv bedenklech, fir ee Paragraph just fir ee Beamte ze maachen, seet de President vun der Mënscherechtsliga. De Claude Weber proposéiert amplaz eng Dispositioun am Gesetz, déi Strofe fir all d'Geheimdéngschtmataarbechter festleet am Fall vun Abusen.

Risiko "Outsourcing"

Prinzipiell fehlt et dem Gesetz un enger klorer Finalitéit an un engem Verweis op de Rechtsstaat an d'Grondrechter, sou d'Kritik vum Claude Weber. D'Mënscherechtsliga proposéiert eng onofhängeg Kontrollinstanz fir de Geheimdéngscht, déi och déi néideg technesch Expertise hätt, fir d'Aarbecht vum SREL am Alldag kënnen anzeschätzen. Mam neie Geheimdéngscht-Deleguéierte vum Staatsministère, géif een "de Bock zum Gäertner maachen."

D'Kontrollmechanismen si verstäerkt ginn, sou datt de Geheimdéngscht selwer ënner "haute surveillance" stéing, huet dorobber den Eugène Berger geäntwert. Och d'Missioune wiere méi präzis definéiert. Zum Beispill dierft de SREL am Wirtschaftsberäich just an enger defensiver a präventiver Logik schaffen, sou den Eugène Berger. Prospektiounsrees, wéi 2008 an den Irak, dierften also keng méi organiséiert ginn.

De Claude Weber gesäit nach de Risiko, datt de Geheimdéngscht op d'Zesummenaarbecht mat auslänneschen Déngschter setzt, fir laanscht d'Kontrollen ze kommen. Effektiv kann och d'Justiz net op Dokumenter zougräifen, déi aneren Déngschter gehéieren.

Dat kritiséiert de Serge Urbany: "Mir haten dee Problem ganz konkret beim Bommeleeër, wou sou Dokumenter ausgeschloss gi sinn." An och bei rezenten Attentater an anere Länner haten d'Geheimdéngschter deels Informatiounen gehat, déi net un d'Justiz vun engem anere Land viru gereecht goufen. Fir och an Zukunft nach wichteg Informatioune vun aneren Déngschter ze kréien, misst een d'Confidentialitéit garantéieren, hunn dorobber de Claude Wiseler an den Eugène Berger geäntwert,

An d'Diskussiounen iwwer ee méi intensiven Austausch vu Geheimdéngschtinformatiounen an der EU ass d'Chamber iwwerdeems bis ewell nach net agebonne ginn, sou den Eugène Berger.

Eng Fro vu politeschem Wëllen?

D'Kontrollkommissioun wier sech hirer Responsabilitéit bewosst, seet de Claude Wiseler, deen dës Kommissioun zënter dëser Legislaturperiode presidéiert. Och den DP-Fraktiounschef ass iwwerzeegt, dass de politesche Wëllen do ass, fir potentiell Mëssstänn beim Geheimdéngscht wann néideg méi genau ënner d'Lupp ze huelen. D'Politik hätt all Interêt, datt näischt schif geet, well se " sëtzt op engem Schleiderstull an där Kontrollkommissioun".

Den DP-Fraktiounschef ass net der Meenung, dass d'Chamber sech hätt misse méi am Detail mat den Implikatioune vun der NSA-Affär fir Lëtzebuerg beschäftegen. Och mat der Revelatioun, datt de SREL mat enger Spionage-Software vun der Firma Hacking Team schafft, wier d'Chamber richteg ëmgaang.

De Serge Urbany huet dorobber geäntwert: "Et gëtt vill ze vill gegleeft, wat de SREL seet". Besonnesch iwwer d'Zesummenaarbecht vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht mat auslänneschen Déngschter, hätt d'Chamber nach eng Enquête misse maachen.