Radioen

On air

Notturno  |  William LX - Carmelo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geheimdéngscht-Gesetz gëtt net nogebessert

Eugène Berger

Geheimdéngscht-Gesetz gëtt net nogebessert

Fir de Staatstrojaner wäert et keen zousätzlechen, gesetzleche Kader ginn, seet den DP-Fraktiounschef Eugène Berger. Nieft der Reform vum Geheimdéngscht geet Rieds iwwer de Verfassungsreferendum an d'Staatsscholden.

auto_stories

5 min

Eugène Berger

D'Institutiounskommissioun hätt sech an der Vergaangenheet vill Zäit gelooss, fir hir Aarbecht seriö ze maachen, seet den Eugène Berger. D'Komissioun wär elo net méi responsabel fir d'Agenda a géif op den Avis vum Staatsrot waarden. Wann deen Avis bis am Hierscht net virläit, géif de Referendum an dëser Legislaturperiod bal onméiglech. Dat sot den Alex Bodry (LSAP) dem radio 100,7.

2015 sollt d'Vollek schonn iwwer déi nei Verfassung ofstëmmen, dat steet am Koalitiounsaccord. Als Member vun der Chamber-Komissioun verséchert den DP-Fraktiounschef, datt net geträntelt gi wär. Et wär e schwieregen Text, an et hätt ee versicht, déi bescht méiglech Äntwerten ze fannen.

Biergerbedeelegung bei Verfassungsreferendum

Am Géigesaz zum Referendum vun 2015 wéilt een dës Kéier och d'Bierger mat abannen. "Lesson learned", verséchert de liberale Politiker. "Et geet net, datt mir hanner zouenen Dieren ënner Spezialisten eng Verfassung ausschaffen an déi de Leit herno presentéieren an engem Referendum." Et misst een oppe bleiwe fir Iddien, wou eng grouss Majoritéit vun de Leit géif hannendru stoen.

Am Summer géife wëssenschaftlech Panele mat der Uni Lëtzebuerg organiséiert, fir z'ermëttelen, wéi eng Sujeten d'Bierger besonnesch géifen uschwätzen oder polariséieren. Am Hierscht wéilt een da mat de Bierger iwwer déi Punkten diskutéieren.

Geheimdéngscht-Reform duerch d'Chamber?

Den Eugène Berger hofft, datt d'Gesetz, wat de Geheimdéngscht soll reforméieren, den 9. Juni an der Chamber gestëmmt gëtt.​

D'SREL-Enquêtëkommissioun hat proposéiert, datt den Direkter vum Geheimdéngscht sech soll strofbar maachen, wann hien d'Chamber vu sech aus net iwwer Mëssstänn a sengem Service géing informéieren. De Staatsrot hätt kritiséiert, datt den Direkter vum Geheimdéngscht wéi all anere Beamte misst behandelt ginn. Deem hätt d'Kontrollkommissioun Rechnung gedroen, sou den Eugène Berger. Et wären awer genuch Dispositioune virgesinn, duerch déi den Direkter kéint "op de Grill gesat ginn", wann hie senger Informatiounsflicht net géif nokommen.

​Kee gesetzleche Kader fir Staatstrojaner

Bei der Aféierung vun engem Staatstrojaner gëtt de Kritike vun der Dateschutzkommissioun an der consultativer Mënscherechtskommissioun net Rechnung gedroen. Béid Instanzen hate grouss Reserve beim Projet de loi iwwert d’Antiterrormeseuren. An deem Kontext ass och fir d’Justiz eng staatlech Iwwerwaachungs-Software.

D'Institutiouns-Chamberkommissioun wäert d’Gesetz iwwert de Geheimdéngscht net nobesseren, esou den Eugène Berger. De Staatstrojaner fir de SREL gëtt deemno gesetzlech net zousätzlech encadréiert. Den DP-Fraktiounschef geet dovun aus, datt och de Staatstrojaner fir d'Justiz keen zousätzlechen, gesetzleche Kader wäert kréien.

​Staatsscholde prozentual stabil

Obwuel déi blo-rout-gréng Regierung ugetruede war, fir de Scholdebierg ofzebauen, wuessen d'Staatsscholden nees. Dat geet aus enger Prognos vum Finanzministère ervir. Zwëschent 2007 an 2013 hätt et eng grouss Explosioun vun de Scholde ginn, seet den Eugène Berger. Et wéilt een d'Scholden och net reduzéiere mee stabiliséieren. Am Koalitiounsvertrag wär eng Limite vun 30 Prozent vum PIB festgehal. Wéinst dem Wuesstëm géif d'Somm vun de Scholden an d'Luucht goen, prozentuel gesinn, wäre se stabil. Aktuell géif d'Regierung dovun ausgoen, datt d'Scholde bei 23 Prozent géife bleiwen.