Radioen

On air

Notturno  |  The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Géint den Establishment

Europawahlen 2019

Géint den Establishment

Zwou pan-europäesch Beweegunge solle frësche Wand an d'EU bréngen: Volt Europe an Diem 25 hu sech vill virgeholl. D'Europäesch Unioun soll méi transparent, méi demokratesch, méi biergerno ginn a virun allem de Chômage an d'Aarmut bekämpfen.

auto_stories

5 min

Et ass eng Reaktioun op d'Kris an der Eurozon, op de Brexit an op rietspopulistesch anti-europäesch Parteien: Zwou nei Beweegungen Volt Europe an Diem 25 behaapte vu sech selwer, si géifen dem Establishment een neien Typ vu Politik entgéintsetzen. An deem d'Bierger gestäerkt ginn.

Éischt trans-europäesch Partei

Volt Europe gouf vun engem Grupp vu Studente queesch duerch Europa gegrënnt.

"Mir probéieren eppes radikal Neies, mir sinn déi éischt paneuropäesch Beweegung an enger Dimensioun, wéi se nach ni do war. Mir denke radikal anescht iwwer d'Politik. Mir wëlle wierklech probéieren, Communautéiten ze mobiliséieren an aktiv mat anzebezéien an d'Politik."

Seet den Arno Sterck, Copresident vu Volt an der Belsch.

DiEM25 steet fir Democratie in Europe Movement 2025. D'Beweegung gouf 2016 vum fréiere griichesche Finanzminister Yanis Varoufakis lancéiert. Och si wëllt grenziwwergräifend optriede bei den nächsten Europawahle mat engem Programm fir en europäescht Fréijoer, seet ee vun de Coordinateuren, den Davide Castro: "D'Zil vun Diem 25 ass et, d'Europäesch Unioun ze demokratiséieren an eng demokratesch Constitutioun fir d'EU op d'Been ze setzen, déi vun de Bierger iwwerall an Europa geschriwwe gëtt."

"An Europa géint dëst Europa"

De Programm vun DiEM25 ass ee vun der Gauche, et gëtt op een neien Deal fir Europa hi geschafft. Eng EU, déi méi transparent an hirer Gouvernance an an hirer Finanzpolitik ass. De Stabilitéitspakt gëtt kritiséiert, amplaz dovu schwätzt sech Diem 25 fir méi Investitiounen an eng gréng Ekonomie aus, fir op deem Wee d'Aarmut an de Chômage ze bekämpfen.

"Eise Slogan ass 'an Europa géint dëst Europa'. Dat ass eise Motto. Mir si pro-europäesch a mir hätte gären, datt d'EU Succès huet. Mee fir d'éischt muss ee se emol stabiliséieren. Mat engem raisonnabelen a mënschlechen, wirtschaftlechen, sozialen a kulturelle Programm, deen Europa zu eppes mécht, wat wierklech relevant ass fir déi europäesch Bierger."

Volt setzt sech fir ee progressiivt Europa an - an deem et eng sozial Gerechtegkeet gëtt an eng gréng an innovativ Wirtschaft. Alles dat gouf an der Erklärung vun Amsterdam festgehalen, explizéiert den Arno Sterck:

"Dës Deklaratioun ass op dräi Pilieren opgebaut. Deen éischte soll d'Gouvernance vun der EU verbesseren, duerch méi Transparenz a Responsabilitéit. Deen zweete soll aus Europa een ekonomescht Powerhouse maachen, dat heescht, datt méi soll investéiert an de Chômage bekämpft soll ginn. Mir musse wierklech dofir suergen, datt d'Innovatioun encouragéiert gëtt. An drëttens geet et drëm, ee gerecht an nohaltegt Europa opzebauen."

Fir déi heiansdo nach e bësse vag formuléiert Ziler ze erreechen, wëlle béid Beweegungen och Allianzen agoen. Diem 25 wëllt dat op nationalem Plang maache mat Parteien, déi et scho gëtt. Volt huet Wëlles sech a sengem eegenen Numm an esou vill EU-Länner wéi méiglech fir d'Europawahlen ze presentéieren.

Volt: Keng riets-lénks Logik

Wéi grenzt ee sech vun aneren of? Diem25 wier anescht wéi Parteien op der Gauche, wéi zum Beispill déi europäesch Lenk oder déi Gréng. Well déi schaffen nach ëmmer mat enger nationaler Logik, seet den Davide Castro. Diem par konter geet trans-national un d'Sujeten erun.

"Verschiddener vun dësen europäesche Parteien si Konglomerater vun nationale Parteien. Si sinn zwar zesummen an enger Famill, mee si si sech net eens a si setzen sech nach laang net ëmmer fir déi selwecht Visioun a Programmer an. De Programm vum Europäesche Fréijoer ass anescht. Mir ginn net an d'Europaparlament, fir do gespléckt ze sinn. Mir wëllen zesummen eng progressiv Agenda virubréngen, déi wierklech d'Liewe vun de Leit verännert."

Volt wëllt sengersäits näischt vun enger Lénks-riets Logik wëssen. Den Arno Sterck:

"Mir wëllen d'Aart a Weis, wéi iwwer Politik geduecht gëtt, änneren. Eng Politik oder eng Partei muss net riets, lénks oder wat och ëmmer sinn. Mir probéieren eng Beweegung opzebauen, déi vu Leit gedroe gëtt, wou jiddweree matmaache kann. An esou hu mir och d'Amsterdamer Erklärung entworf."

Datt béid Mouvementer sech zesummendinn, ass éischter net wahrscheinlech. Et wier een zwar net ofgeneigt, mee et misst een Accord iwwer de Programm ginn, seet den Davide Castro. Op der Säit vu Volt war däitlech erauszehéieren, datt d'Virstellungen, wéi ee Politik maache soll, zimlech ausernee ginn.

Keng Varoufakis-Beweegung

"Diem 25 ass eng Allianz vu politesche Parteien, déi existéieren a keng genuin europäesch Beweegung. Ech fannen och dat Diem25 éischter an enger gewësser Hisiicht eng Illustratioun vun där aler Method Politik ze maachen ass - och well d'Beweegung vum Janis Varoufakis gegrënnt gouf."

D'Roll vun deem fréiere griichesche Minister wier net esou zentral, wéi dat no bausse wierkt, seet par konter den Davide Castro: "Et ass keng Yanis Varoufakis-Beweegung. Mir hunn en Team vun 12 Leit, déi all zwee Joer gewielt ginn an déi d'Koordinatioun maachen. De Janis Varoufakis ass just ee vun hinnen." Onëmstridden ass, datt dee berühmte Politiker der Beweegung eng Visibilitéit gëtt - déi Volt Europe bis elo net esou huet.